Déi eng maache gäre Moies Sport, déi aner léiwer Owes an anerer am léifsten iwwerhaapt net. Mee sou richteg Zäit huet een ni, sou kennt et engem vir. Déi muss ee sech da meeschtens huelen a wéini een trainéiert, soll e groussen Ënnerscheed maachen. Et soll nämlech eng perfekten Auerzäit dofir ginn. Dat hunn elo Wëssenschaftler vun der Universitéit zu Birmingham erausfonnt. D'Lea Schwartz weess méi.

07/02/2020 Déi beschten Zäit fir Sport ze dreiwen!

Sport ass gesond, dat ass bekannt. Ob een elo eng Ronn lafe geet, Gewiichter am Studio dréckt oder mat de Kolleegen eng Ronn Fussball spillt-Haaptsaach et beweegt ee séi Kierper, well dat mécht glécklech an hält fit.

Dee beschten Zäitpunkt fir Sport ze maachen, ass bei jidderengem anescht a gëtt duerch eis sougenannte bannescht Auer beaflosst. Déi bestëmmt nämlech eisen Dagesrhythmus. Mir sinn net dee ganzen Dag d'selwecht monter, mee maachen Héichten an Déiften duerch, sougenannte Zyklen. A wéi déi verlafen, huet domadder ze sinn ob mir moies mat den Hénger opstinn oder eng Nuetseil sinn. Schold soll nämlech de Stresshormon Kortisol sinn, dee gëtt ënnerschiddlech ausgestouss jee no Schloftyp.

Een, dee fréi opsteet, zum Beispill huet de ganzen Dag iwwer en héije Level vum Hormon am Blutt an areecht säi Leeschtungshéichpunkt scho 6 Stonnen nodeems en opgestanen ass. Den optimalen Zäitpunkt fir Sport ze maachen, wär dann fir deen ëm d'Mëttegstonn. Bei Nuetseilen ass den Hormonlevel awer den Dag iwwer éischter niddreg, si sinn dofir och eréischt 11 Stonnen nom Opstoen sou richteg fit. Den Training sollt een da léiwer an den Owend verleeën. Ob een dann elo eng Léierchen oder Nuetseil ass, läit an eise Genen a kann net vun eis beaflosst ginn.

Wien also déi perfekte Leeschtung beim Sport wëll erreechen, soll säin Training sengem perséinleche Biorhythmus upassen. Wann een awer einfach just Sport wëll maachen, da geet et bestëmmt och duer, en einfach dann ze dréiwen, wann een Zäit huet.