Den Alkoholfräie Béier gëtt bei de Sportler ëmmer méi beléift. Gleeft een de Reklammen, ass et souguer gutt, no enger sportlecher Aktivitéit alkoholfräie Béier ze drénken. Dëse soll isotonesch sinn. Ma wat heescht dat iwwerhaapt.

06/02/2020 Sport-Gedrénks soll isotonesch sinn

Et gëtt der bestëmmt eng Partie, déi no enger sportlecher Ustrengung alkoholfräie Béier drénken.

Gleeft een de Brauereie soll dësen dat ideaalt Gedrénks fir Sportler sinn. Den däitsche Sportsmedeziner Axel Klein kann dës Theorie nëmmen ënnerstëtzen. Doduerch dass dëse Béier isotonesch ass, daacht en eppes.

Wann et awer ëm den Ausgläich vu Flëssegkeet geet ass Waasser de bessere Choix. Wien awer nëmme Waasser drénkt, dee riskéiert, dass seng Elektrolytten duerchernee geroden. Wien vill schweesst dee verléiert net nëmme Flëssegkeet, ma och Magnesium a Calcium.

Genee hei setzt dat magescht Wuert isotonesch un. An dësen si kleng Deeler vun der selwechter Konzentratioun wéi mer so och am Blutt hunn dran.
Doduerch kann de Kierper dës séier ophuelen a verschaffen.

Et muss een awer oppassen nach laang net all Béier huet dës Eegenschaften.
Oppasse soll een och dass een dëse Béier just nom Sport drénkt. Net wärend deem. A scho mol direkt da wann een esou Saachen am Alldag net drénkt. Et kann nämlech zu ganz desagreabelen Niewewierkung kommen déi sech am Verdauungsapparat ofspillen. Déi wëll kee wärend dem Lafe kréien.

Et gëtt awer och eng Partie Alternativen. Schorlen z.B bis eriwwer bei déi speziell Gedrénkszorten déi op Sportler ofgestëmmt sinn.

Et soll ee sech och schlau maachen, op dës fir wärend oder nom Sport geduecht sinn. Se sinn dann nämlech anescht zesummegesat.