De Corona-Virus huet sech an Tëschenzäit an op mannst 25 Länner ausgebreet. D'Zuel vun den Doudesaffer läit bei bal 500 an all Dag kommen neier dobäi. 24.000 Mënschen si weltwäit infizéiert, déi meescht dovunner am Epizentrum vum Virus, an der chinesescher Regioun Hubei. Mee ass d'Angscht virum neie Virus berechtegt?

06/02/2020 Ass d'Angscht virum Corona-Virus berechtegt?

Fazit fir den Ament ass. Duerch de Grippevirus stierwen weltwäit méi Leit, wéi bei ewell duerch den Corona-Virus. Ma de Pourcentage vun den Infizéierten, déi de Corona-Virus net iwwerliewen, ass awer méi héij wéi beim Grippevirus, seet den Dr. Pierre Weicherding, Direkter vun der Inspection Sanitaire.

"De Corona-Virus, wéi mir en elo gesinn, huet eng Mortalitéit vun ongeféier 2%, also 2% vun den Infizéierten stierwen och drun. Bei der Gripp leit d'Mortalitéit bei 0,1%, mee do sinn awer wesentlech méi Leit, déi elo d'Gripp kréien wéi de Corona-Virus."

Lëtzebuerg wier den Ament op alles virbereet. Angscht virun enger Masseninfektioun hei am Land bréicht een awer net ze hunn.

"Also mir hoffen, dass et net souwäit kënnt. Et gesäit awer net sou aus, wéi wa mir an déi Situatioun zur Zäit géinge kommen. An och wann d'Situatioun méi uerg géing ginn, da géingen aner Mesuren ergraff ginn, fir dass d'Krankheet sech manner séier verbreet. A China ass d'Situatioun eng aner, well do wunnen vill méi Leit méi no beieneen an et ass vill manner iwwersiichtlech."

De Gesondheetssystem hei am Land an och an aneren westlechen Länner wier gutt ausgebaut an op esou Epidemien virbereet. An ob de Verlaf vun der Krankheet déidlech ausgeet hänkt och ëmmer dovunner of, wéi gesond ee Mënsch zum Zäitpunkt vun der Infektioun ass.

An awer wier et gutt sech den Ament un déi üblech Hygiènesmesuren halen, well virun allem de Grippevirus ass den Ament méi am Ëmlaf, wéi de Corona-Virus.

Aus psychologescher Siicht wier et awer normal, dass d'Leit Panik virun deem neien an hirer Siicht onbekannte Virus Angscht hunn. "Ma vill Leit mengen, dass een bei enger Gripp no 14 Deeg nees gesond wier, mee si sech net bewosst, dass eng Gripp am schlëmmste Fall déidlech verlafen kéint", sou de Professeer Borwin Bandelow, Spezialist a Saachen Angschtfuerschung.