Manipuléiert Videoen sinn dacks de Grond dass Fake-News entstinn. Twitter ergräift elo d'Initiative fir géint genee dës Praktiken fir ze goen.

07/02/2020 Twitter läscht manipuléiert Videoen

Ënner bestëmmte Bedingungen wëll Twitter manipuléiert Videoen markéieren. A ganz schlëmme Fäll solle se souguer geläscht ginn.

Den Trend op deen cibléiert nennt sech "Deepfake-Videos".

Dës ginn esou gutt verännert, dass deen, dee se kuckt wierklech d'Impressioun kritt, dass dat wat am Video geschitt reell wier.
Betraff waren hei scho Politiker.

Fält de Responsabelen vun Twitter esou e Video op gi se markéiert. Et soll eng Note dobäi stoe kommen, déi de Video als Fake identifizéiert.

All déi Videoen déi fir d'Ëffentlechkeet geféierlech kënne ginn, ginn da geläscht.
"Deepfake-Videos" sinn eng éischte Kéier an d'Viséier geroden, virun de Presidentewahlen am November.

Deemools war e Video vun der Demokratin Nancy Pelosi iwwer Twitter an aner Reseaue verbreet ginn.

Ze gesinn war d'Nancy Pelosi wéi se anscheinend Zong net méi gedréint krut. Esou Effekter kann een ganz einfach kreéieren, et brauch ee just e bëssen d'Vitesse vum Video ze bremsen.
Et wëll een dass User op Twitter zouverlässeg Informatiounen kréien.

De User muss kënnen erausfanne, op dat wat e grad gesäit richteg oder falsch ass. Dernieft mussen se Méiglechkeet kréien, méi Kontext iwwer dat., wat se op Twitter gesinn, ze fannen.