Honnerten, jo dausenden E-Mailen ginn all Dag op de Büroen verschéckt. Fir dass déi sech och wierklech professionell liesen, sollt een op de puer Saachen oppassen. Hei sinn e puer Feeler, déi ee vermeide sollt.

10/02/2020 Emailen op der Aarbecht

Ugefaangen mam Sujet vun der Email, also dat wat den Empfänger als éischt liest, wann d'Email ukënnt. Dat ass den Ufank vun enger gutt strukturéierter Mail. E soll kuerz sinn an drop hiweisen wat de Lieser erwaart. Ganz Sätz an där wichteger Zeil sollt een am Beschten op der Säit loossen. Wie guer net drun denkt de Sujet unzeginn, kënnt chaotesch an deemno wéi esouguer respektlos eriwwer.

Och Ofkierzungen kommen net gutt un an et kéint een den Androck kréien, dass den Absender net héiflech a liddereg ass. Schreift och net ze laang ronderëm de Bräi, mä kommt op de Punkt. Dat spuert Zäit an de Contenu vun Ärer Noriicht ass kloer a strukturéiert.

© Pixabay

Wann ee Kollegen eng Noriicht schreift, spillt d'Orthografie dacks keng Roll. Wann et awer ëm eng offiziell Email geet, sollt ee gutt oppassen op d'Reegelen wéini eppes grouss a kléng geschriwwe gëtt, genee ewéi op Kommaen, d'Punkten an d'Rechtschreiwung. Dat wat Der geschriwwen hutt, sollt Der op mannst zwee Mol iwwerliesen, ier Der op de 'Send'-Knäppchen dréckt. Soss kéint et penibel ginn.

De Schreifstil ass och esou eng Saach: ass en ze labber, riskéiert een onprofessionell eriwwer ze kommen. E gesonde Mëttelwee ass dee Richtegen. Verzicht drop vill Ausruffe-Zeechen ze benotzen, dat kéint als Jäizen interpretéiert ginn.

Gesäit ee sech an engem Meeting, gëtt ee sech d'Hand fir Moien an Äddi ze soen. Och an enger Mail sollen déi richteg Wierder am Ufank an zum Schluss net vergiess ginn: eng héiflech Uried an e frëndleche Schluss sinn e 'Must'.

A nach eppes wat net gutt ukënnt: den 'CC', bei deem all Mënsch um Büro Är Noriicht liese kann. Déi sollt Der wierklech nëmmen un déi concernéiert Leit schécken.