... ass ganz normal! Well eis Auer bannendran net am 8-Stonne-Rhythmus tickt.

07/02/2020 Nuets waakreg ginn...

Dowéinst gi vill Leit tëscht dräi a véier Auer nuets waakreg. Dat huet net onbedéngt eppes mat enger Schlofstéierung ze dinn. Stress ka sech zwar negativ auswierken, ma de Schlof vun engem Erwuessenen gëtt vu Natur aus bis zu 30 mol an enger Nuecht ënnerbrach. Dat kréie mer normalerweis net mat a kënnen eis och net méi drun erënneren, wann dat waakreg ginn net méi laang ewéi dräi Minutten dauert. Dat huet mat eiser Evolutioun ze dinn: wéi mer nach Jeeër a Sammler waren, hu mer misste kucken ob näischt Geféierleches an der Géigend wier.

© Pixabay

Wa mer schlofen, geet alles an eisem Kierper méi lues: d'Temperatur an de Bluttdrock ginn erof, de Bols an d'Ootmung méi lues. Déifschlof- an Dram-Phasen wiesselen sech am 90-Minutten-Takt of. Dono schlofe mer nëmme nach liicht an dofir besteet no véier Stonnen d'Tendenz eng éischte Kéier richteg waakreg ze sinn. Geet een um 11 Auer owes an d'Bett, kann de Schlof um dräi Auer ënnerbrach ginn. Dat nennen d'Fuerscher 'biologesch Mëtternuecht'. Eis Stëmmung ass deen Ament op engem Déifpunkt, bal ewéi bei enger klenger Depressioun an et ass eis kal. Gläichzäiteg schëtt de Kierper Cortisol aus, woumatter ee weideren Déifschlof verhënnert gëtt. Et geet ville Leit esou: se fille sech dann alleng an et ass däischter a kal.

© Pixabay

Dass mer sollen duerchschlofen ass guer net esou natierlech ewéi dat gesellschaftlech ugeholl gëtt. Ier d'elektresch Luucht erfonnt gouf, ass d'Nuecht nach an zwou Phasen agedeelt ginn. Dat war de sougenannten 'segmentéierte' Schlof, agedeelt a - Schlofen, an der Nuecht eng bis zwou Stonnen waakreg sinn, an erëm Schlofen-. D'Fransousen hunn dat och nach 'Dorveille' genannt, eng Mëschung aus de Wierder 'dormir' a 'veiller'. Spéitstens an de 1920er ass dee Rhythmus awer ganz verschwonnen a mir hunn eis ugewinnt, un engem Stéck ze schlofen.