Aus dem Dram erwächen an net wëssen ob dat wat ee grad gedreemt huet, reell war oder awer just en Dram. Fakt ass, et ginn Dreem déi se wierklech ufillen.  

10/02/2020 Firwat fille sech Dreem schlecht un?

Eng illegal Course an der Strooss, direkt virun der Hausdier. Et gëtt schonn éischt blesséierter an et gi Leit an d'Ambulanz gelueden. Dat huet eng Fra der Police  am bayresche Wald erzielt. Wéi d'Police op d'Plaz koum, huet se misse feststellen dass d'Fra just gedreemt hat an net wousst ob et en Dram oder Wierklechkeet war.

Wisou ass dat esou?

De Professer Michael Schredl ass Chef vum Schloflabo am Zentralinstitut fir Séilesch Gesondheet zu Mannheim. Hien huet erkläert dass virun allem Kanner dovu betraff sinn. Si kennen plastesch dreemen. Si mussen eréischt léieren dass dat wat grad bei hinnen am Kapp geschitt ass en Dram war.

Bewisen ass och, dass sech am Dram ëmmer alles reell ufillt. Bei Erwuessenen ass dat méi einfach. Wien hie schlecht dreemt da seet eis eis Iwwerleeung dass esou eppes net existéiert an net méiglech ka sinn.

Méi schwéier gëtt et dann, wann ee vun enger realistescher Géigend dreemt. Wéi am uewegenannte Fall. Et geschitt z.B eppes virun engem senger Hausdier, dee Moment gëtt et méi schwéier tëscht waakreg a Schlof ze ënnerscheeden.

Wéi kann een dann elo erausfannen dass et en Dram war. Et soll ee sech d'Fro stellen, ob dat wat ee grad gedreemt huet méiglech wier, an esou geschéie kéint. Sollt dat de Fall sinn, da kann een nach ëmmer op eng 2. Meenung zeréckgräifen.

Et kann och daueren bis eist Gehier realiséiert huet wat grad lass war. Et kann bis zu enger Véierelsstonn daueren, dat ass déi Zäit déi eist Gehier brauch fir waakreg ze ginn.

Also, wann een esou eppes gedreemt huet, ass et ni schlecht ze waarden, fir sech dann nach eemol Gedanken iwwer dat Erlieften ze maachen.