Wa se waarm agestallt ass a net genuch Loftfiichtegkeet am Raum ass, hu Viren a Bakterien en einfacht Spill.

10/02/2020 Wéi d'Heizung eisem Immunsystem schuede kann

Wann et dobausse gutt kal ass, hätt een et gär schuckeleg waarm doheem. Dee Schoss kann awer no hanne lass goen. De Problem fir eisen Imunsystem ass nämlech net déi kal Loft, mä déi waarm. D'Heizungsloft ass de Missetäter- dat weist eng Etüd vun der Yale University of Medecine. D'Tester goufe bei Mais duerchgefouert: an Zëmmeren mat enger gerénger Loftfiichtegkeet sinn d'Déiere krank ginn. Do wou d'Loftfiichtegkeet bis op 10% erofgesat gouf, hunn d'Mais u Gewiicht verluer an et sinn der och däitlech méi gestuerwen ewéi an engem Raum mat enger normaler Loftfiichtegkeet vun ongeféier 50 Prozent.

© Pixabay

Dréchen Loft belaascht déi empfindlech Schläimhait also méi ewéi bis ewell ugeholl. Hir Funktioun ass et Viren a Bakterien ofzewieren a se mam Schläim of ze transportéieren. D'Heizungsloft stéiert déi natierlech Barrière awer a mécht eisen Immunsystem méi schwaach, dee reagéiert deelweis ewéi wann en ausgeschalt wier. Wat fir Mais gëllt, muss net onbedéngt fir de Mënsch a Fro kommen. Dofir kommen elo nach Etüden an déi Richtung.

© Pixabay

Den ideale Mëttelwäert fir d'Raumtemperatur läit bei 20 bis 23 Grad, dee fir d'Loftfiichtegkeet tëscht 40 a 60 Prozent. An der Kichen an am Buedzëmmer si méi héich Wäerter fir eng kuerz Zäit an der Rei. A kengem Zëmmer soll d'Loftfiichtegkeet ënner 30% leien, en Hygrometer kann hëllefen dat ze moossen. Eng ganz gutt Method fir d'Raimlechkeeten fiicht ze halen ass e naasst Handduch op der Heizung oder eng Schossel Waasser an all Raum. A Planzen doheem leeschten och e wäertvollen Déngscht: Well 90 Prozent vum Waasser mat deem ee nätzt, ginn iwwer d'Blieder erëm an d'Loft iwwer.