Et gi Mënschen, déi hunn eis Welt grondsätzlech verännert. Dat sinn déi clever Käpp, déi mat der richteger Iddi eist d'Liewen bis haut beaflossen an déi eis den Alldag definitiv vereinfachen. Si mer mol éierlech, wéilt dir all Moien fir d'éischt Mol Feier maachen fir Äre Kaffi ze kachen. Ech mengen éischter net...

11/02/2020 Wat ass déi beschten Erfindung vun allen Zäiten?

Wat géinge mer nëmmen ouni Stroum, Feier oder Luucht maachen. Et ass ee sech net ëmmer bewosst, wéi einfach mir et hautdesdaags dach hunn. Fält mol eng kéier de Stroum bei engem Doheem aus, da sëtzt ee nawell blöd do. Da kuckt een dem Akku um Handy no wéi en lues a lues platt gëtt. Et kann ee sech weder eppes kachen, nach Tëlee kucken oder eng Wäsch amaachen.

Wat wier eist Liewen dach ustrengend an wéi praktesch hu mir et dach haut. Ma dat alles wier net méiglech, ouni dass e puer Mënschen hir richteg gutt Iddien an d'Realitéit ëmgesat hunn.

Sou wéi zum Beispill de Gutenberg. Ouni hien géingen et wuel keng gedréckte Bicher ginn, ouni den Thomas Edison wier eis vläicht bis haut keng Luucht opgaangen an ouni d'Marie Curie géing et keng Radioaktivitéit ginn. Déi eng beschten Erfindung vun allen Zäiten gëtt et warscheinlech net. Misst ech mech entscheeden, wier fir mech déi beschten Erfindung aus dem 20. Joerhonnert wuel den Internet. Deen huet eist Liewen, méi wéi erliichtert an ech mengen net nëmmen mäint. Mee och den Internet géing et net ouni Computer an de Computer net ouni Stroum ginn. Et ass alles iergendwéi mateneen verbonnen an huet sech mat der Zäit weider entwéckelt.