Gehéiert dir eventuell zu deene Leit, déi extrem empfindlech op verschidde Geräischer reagéieren? Da kéint och dir eventuell ënnert Misophonie leiden. Wat dës Pathologie genee ass a wat een dogéint maache kann, verréit iech d’Nicky Soisson.  

13/02/2020 Misophonie – oder wa scheinbar normal Geräischer zum Problem ginn

Dir installéiert iech gemittlech an äre Sëtz am Kino a freet iech op deen neiste Blockbuster. D'Plaz ass perfekt, d’Temperatur stëmmt, dir fillt iech wuel a vun iech aus kann de Film elo ugoen.An da geschitt et: nieft iech sëtzt sech e Mënsch, um Schouss eng gefillte riseg Këscht mat Popcorn a fänkt un déi genësserlech eranzefeieren.

Fir vill Leit ënnert eis sécherlech keen Thema, ma et ginn och Leit deenen et doduerch richteg onwuel gëtt.


An do wiere mir dann och beim Punkt! Well derhannert kann duerchaus méi stieche wéi just nëmme sensibel Oueren.

D’Misophonie, och nach "Selective Sound Sensitivity Syndrome" genannt, gouf Ugangs vum 21. Joerhonnert vun den amerikaneschen Neurowëssenschaftler Pawel a Jastreboff analyséiert.

Et handelt sech heibäi ëm en neuropsychologesche Problem bei deem déi betraffe Leit duerch bestëmmte Geräischer Gefiller wéi Irritatioun, Frustratioun, Angscht a Roserei ausléisen. Eng Stéierung, déi nawell guer net esou seelen ass.

Zu dëse bestëmmte Geräischer gehéieren ënnert anerem Iessen, Drénken, Ëmweltgeräischer, nasal Geräischer, repetitiivt Tippen, Raschelen, Konsonanten a Vokaler.

Häerzklappen, grouss Angscht oder eng gefillte Bull am Bauch, dat si Reaktiounen, déi eng Persoun mat Misophonie weist, wa se Geräischer héiert, déi si irritéieren. Ma och psycho-physiologesch Reaktioune wéi Konzentratiounsverloscht, Stress, Wéi, Onwuel-sinn oder Kräische gehéieren zur Panoplie vun de Symptomer.

Leit, déi ënnert engem Tinnitus leiden, sinn iwwregens méi dacks betraff wéi Leit ouni Ouereschued.

Wou genee dës Stéierung hierkënnt, doriwwer si sech d’Experten nach net sou ganz eens. Wärend deem déi eng éischter vun engem neurologesche Problem ausginn, setzen déi aner éischter op psychologesch Ursaache wéi zum Beispill eng schlecht Erfarung oder en Trauma déi een als Kand mat deem Geräisch verbonnen huet.

Ma wat kann ech maache wann ech betraff sinn ?

Den einfachste Wee ass et, Kopfhörer oder Ouerestëpp ze benotzen. Ma et gëtt och nach d’Méiglechkeet säi Gehier drop ze trainéieren, dës Geräischer, déi stéieren wärend 9 Méint ëmmer rëm ze lauschteren an se mat engem anere Geräisch wéi zum Beispill Musek ze associéieren. Dem Dr Jastreboff no ass dëst eng Léisung déi 90% Chancë Succès hätt.

E klengen Trouscht, falls dir selwer betraff sidd. Dir sidd domat definitiv net eleng.... och bekannte Leit wéi de Johann Wolfgang Goethe, den Arthur Schoppenhauer oder de Charles Darwin haten de selwechte Problem.