Leit, déi beim lauschtere vu Musek eng Héngerhaut kréien, hunn, wann et de Fuerscher no geet e speziellt Gehier. Firwat déi Eng méi staark Emotiounen hunn, wéi déi Aner, dat hu Fuerscher vun der Uni vun Harvard probéiert eraus ze fannen.

11/02/2020 Héngerhaut beim Musek lauschteren

Eng Héngerhaut kritt ee meeschtens wann et engem kal ass. Bei der Musek ass dat éischter Sielen de Fall.

Aus 200 Leit goufen 20 Persounen an 2 Gruppen agedeelt. Déi, déi eng Héngerhaut kruten, an déi déi keng kruten.
Si kruten all Lidder virgespillt fir esou kënne Stréim am Gehier kënnen ze observéieren.

Bei der Grupp déi eng Héngerhaut kruten, goufe méi Faseren an den Nerve festgestallt. 3 Zonen am Gehier waren hei méi aktiv.

Déi, déi fir d'Lauschteren zoustänneg ass, déi, déi d'Gefiller verschafft an déi, déi d'Emotioune kontrolléiert.

D'Fuerscher ginn dovun aus, dass dës Verbindungen am Kapp d'Musek anescht interpretéieren. Se wierkt méi déif. Et ass ee quasi dran.

Wat awer nach net kloer ass, ass op ee sech dat bäibrénge kann, oder op déi méi héich Faser-Struktur am Kapp schonn ëmmer do war.

Et schéngt, wéi wann d'Verbindung, et schéngt wéi wann d'lauschtere vu Musek mam verschaffe vun der selwechter d'Grondlag ass fir Musek anescht genéissen ze kënnen.

Bei deenen Engen ass se ebe méi present wéi bei den Aneren.