Automobilist a Cyclist si net ëmmer di beschte Kolleegen am Stroosseverkéier - wat dacks u schlechter oder feelender Kommunikatioun läit. Fir dass béid Parteie besser a méi sécher mateneen eens ginn, huet Ford elo eng speziell Jackett fir Cyclisten entwéckelt.

12/02/2020 Fridden op der Strooss?

D'Strooss gehéiert Cyclisten an Automobilisten zu gläichen Deeler - wien um Suedel oder um Steierrad sëtzt, vergësst dat awer alt mol. Resultat: beschtefalls kënnt et just zu Gemauls, pro Joer stierwen awer och eng 2000 Vëlosfuerer op europäesche Stroossen.

Haaptproblem ass d'Kommunikatioun, déi sech bis elo op tuten, fluchen an divers international Handzeeche limitéiert huet. Fir de Cyclist ass et net sou einfach, well en fir ofzebéien eng Hand vum Guidon huele muss. A genee do setzt elo eng Erfindung vum Autoskonstrukteur Ford un.

Si hunn eng Jackett entwéckelt, déi um Réck eng grouss Surface mat LED-Luuchten huet. Doriwwer soll de Cyclist mam Automobilist kommunizéiere kënnen. Via Fernbedienung um Guidon kann hien do drop Winker-Feiler opliichte loossen, oder Smileye mat engem froue, neutralen oder traurege Gesiicht.

Dem Cyclist sollen d'Liewen um Suedel an d'Kommunikatioun mam Automobilist méi einfach gemaach ginn. Ford huet di sougenannten "Emoji-Jackett" zesumme mat der Uni vun Tilburg entwéckelt. Kloer dass een d'Hollänner ëm Rot freet a Saache Vëlofueren. D'Jackett soll eng emotional Verbindung schafen tëscht de Leit am Stroosseverkéier.

Ob se effektiv eng Kéier an d'Vente kënnt, ass net gewosst. Eenzege Nodeel vläicht: wouhi mat engem eventuelle Rucksak? Vläicht sollten se dovun och direkt eng LED-Versioun entwéckelen...?