D‘Fuesent heescht Héichsaison zu Venedeg; ausgebuchten Hoteller an Zeg Dausende Touristen, déi sech dee Spektakel net entgoe wëlle loossen – oder awer? Nicky Soisson

12/02/2020 Elo net mei genuch Touristen zu Venedeg?

Fuesent zu Venedeg – en Evenement wat vill Leit op mannst eng Kéier an hirem Liewe wëlle materlieft hunn. All Joer "pilgeren" ëm dës Zäit eng helle Wull vun Touristen an d’Lagunestad fir sech de weltberüümte Maskebal unzekucken...

Dëst Joer ass dat awer anescht !

De Grond? D’Héichwaasser d'lescht Joer am November.

Am Fong näischt Exzeptionelles an dëser beléifter romantescher Destinatioun, déi all Joer fir de bekannte Karneval vu Venedeg enorm Touristen unzitt.

“Acque alta”, iwwersat Héichwaasser, gëtt et u sech do all Joer während de Wanterméint  . D’Héichwaassersaison dauert generell vu September bis Abrëll an erreegt hiren Héichpunkt eben ëm den November. Et entsteet, wa sech bei besonnesch staarker Flut an niddregem Loftdrock vum Scirocco d’Waasser an d’Lagun vu Venedeg dréckt.

Den 12. November 2019 stoung d’Waasser du sou héich wéi well laang net méi. 187 cm iwwert dem Mieresspigel goufe gemooss, dat si just 7 cm ënnert dem Rekord vun 1966 wou Venedeg komplett ënner Waasser stoung.

Wat huet dann elo d’Héichwaasser vum November mat der Fuesent respektiv mam Manque u Visiteuren fir d’Fuesent ze dinn?

Duerch d’Iwwerschwemmunge goufen déi schéin al Gemaier duerch d’Salzwaasser futti gemaach, dorënner och dee wuel bekannte Markusdom. Vill dovunner ass zwar haut net méi ze gesinn, mee d’Salz zersetzt lues awer sécher déi fragil Maueren an de Marber. An anere Wieder, de Markusdom ass bannent e puer Méint ëm Jore méi al ginn.

Den Haaptproblem ass awer, dass sougenannte Fake News iwwert Venedeg verbreet ginn. Vill Leit hu gemengt, dass d’UNESCO Weltierwe-Stad nonstop ënner Waasser gestanen hätt. An Indien hu souguer e puer Leit geduecht, dass et 250 Doudeger duerch d’Héichwaasser gi wieren.

Dës falsch News hunn eng reegelrecht Psychose ënnert de Visiteuren ausgeléist. D’Hotelieren erzielen, d’Leit hätten ugeruff a gefrot, ob et net ze geféierlech wier fir mat hire Kanner ze kommen.

D’Fotoen iwwert d’Héichwaasser déi zirkuléiert sinn, hätten den Androck ginn, dass ganz Venedeg zerstéiert wier, sou de Verband vun de venezianeschen Hotelieren, déi extrem ënnert dem Reservatiounsréckgang leiden.

Et ass am Gong eng absurd Situatioun: Venedeg, déi Stad, déi quasi méi wéi all aner Stad ënner “Overtourism” leit, freet op eemol no méi Visiteuren.