De 26. Abrëll 1986 koum et zu engem katastrophalen Accident am Block 4 vum ukraineschen Atomkraaftwierk. Trotz den héijen radioaktiven Stralen ginn et nach Liewewiesen dohannen. Eng Zort Champignon schéngt sech esouguer vun der Radioaktivitéit ze ernieren.

14/02/2020 Champignonen zu Tschernobyl

Och 34 Joer nom uerge Virfall sinn d'Reakteren nach ëmmer radioaktiv. D'Mauere vum Kraaftwierk strale nach ëmmer liewensgeféierlech, op mannst emol fir eis Mënschen. Et ginn awer Liewensformen, déi sech ugepasst hunn. Wëssenschaftler hu ronn 200 verschidden Zorte Champignonen entdeckt, déi bannent der Ruin liewen. Déi vegetéieren net nëmme viru sech hin, se friessen d'Strale reegelrecht.

© Pixabay

Virun allem schwaarz Pilzen mat Melanin fille sech zu Tschernobyl wuel, de Melanin gëtt produzéiert fir sech extremen Konditiounen unzepassen. Se wandelen d'Radioaktivitéit an Energie ëm. Esouguer eng 500-fach Dosis Stralen mécht hinne näischt aus. Bei deene schwaarze Champignonen ass et esouguer esou: wat d'Radioaktivitéit méi héich ass, wat se méi séier wuessen. Aktuellen Etüde no sinn déi bannen am Reakter méi däischter ewéi déi baussen.

© AFP

Och ausserierdesch Tester sinn amgaangen: Eng Rakéit vu Space-X huet déi däischter Pilzen op d'Raumstatioun ISS geschéckt. Esou soll erausfonnt ginn, wéi se sech am Weltraum verhalen, wou d'Radioaktivitéit och héich ass. Ausserdeem soll och erausfonnt ginn, ob een se kann iessen. Dat gëllt iwwregens och fir de Fall, wou mer eng Kéier wéilten op anere Planéiten wéilte wunnen. Ma dat ass nach alles Zukunftsmusek.

© Pixabay