Verschidde Leit sinn der Meenung dass et e Mythos ass, ma et gëtt se wierklech, déi Koppelen, déi et Jorelaang mateneen aushalen a glécklech a verléift bleiwe wéi um éischten Dag... wéi maachen déi dat nëmmen? D'Michèle Schons huet e puer Fakten um Netz fonnt?

14/02/2020 Rezept fir eng glécklech Bezéiung

Fir eng glécklech Bezéiung ass virun allem wichteg, dass d'Partner zesumme passen, dass se sech géigesäiteg respektéieren an op Aenhéicht begéinen. Doriwwer brauche mer net laang ze diskutéieren. Mee donieft ginn et awer e puer Saachen déi glécklech Koppelen an enger Bezéiung einfach anescht maachen wéi déi, déi sech no e puer Méint nees trennen.

Et gëtt wuel gestridden, awer net wéinst Bagatellen.

Sträit ass wichteg an en Zeechen dass d'Bezéiung funktionéiert. Et beweist dass hei zwee Mënschen oppe matenee schwätzen, amplaz de Frust an sech eranzefriessen. De klengen Ënnerscheed: Glécklech Koppele wësse wéi ee streit. Si loossen d'Roserei d'éischt mol ofkléngen an diskutéieren dono sachlech mateneen. Et geheit een sech keng Gemengheeten a Wieder un de Kapp déi engem herno leed dinn, an en handfeste Sträit wéinst enger Tüb Zahnpasta déi net zougeschrauft gouf, gëtt et och net.

Si soen net nëmmen dass se frou mam Partner sinn, si weisen et och duerch vill kleng Gesten.

eng Libeserklärung ass séier gemaach. Mee wann d'Doten net hannendru kommen, da sinn et séier eidel Verspriechen. Eng kleng Opmierksamkeet wéi Moies als éischt opstoen an dem Partner Kaffi ze maachen, d'Lieblingsiesse kachen, oder einfach nëmmen de Lieblingsschokela matbréngen, soe vill méi wéi nëmme Wieder. 

Si soe wann Eppes se stéiert, ouni z'attackéieren.

Sech heemlech oder bei de Frëndinnen driwwer opreegen, dass Owes nees Fussball leeft? Gëtt et an enger Bezéiung déi gutt funktionéiert net. Hei gëtt oppe geschwat dass ee léiwer Eppes anescht kuckt, an da fënnt een e Kompromëss.

Si ënnerhuele vill zesummen, awer genee esou vill eleng.

Mol e romantescht Owesiessen, mol eng Party mat de Kolleegen, zesummen, mol eng Owend mat de Meedercher. Gemeinsam a getrennten Aktivitéiten halen sech an der Balance, dowéinst klappt et och, et erlieft ee méi a bréngt frësche Wand an d'Bezéiung. 

Si respektéieren deem aneren seng Meenung, hunn awer och eng eegen.

et muss een sech net an allem eens sinn, trotzdeem kann een mol lauschtere wat de Partner ze soen huet, och wann déi eege Meenung eng aner ass.

Si hu Ritualer ouni an d'Routine ze falen.

Zesumme Moies Kaffi drénken, eemol d'Woch eng DVD kucken, oder Sonndes zesumme kachen, Ritualer si wichteg fir eng Bezéiung, a langweileg Routinne gëtt et an enger gudder Bezéiung net. 

Si si bescht Frënn, hunn awer och nach genuch aner Frënn.

Egal wéi gutt een sech mam Partner versteet, bescht Frënn a Kolleege brauch jiddereen, a fir de Partner sollt een déi net vernoléissegen.

Si hu gemeinsam Interessen, awer och individuell Hobbyen.

E puer gemeinsam Interessen ze hunn ass wichteg, méi wichteg ass et awer dass een seng eegen Hobbyen net vergësst, a just well een an enger Bezéiung stécht muss ee Sport, Danzen, oder soss aner Beschäftegungen net un den Nol hänken.

Si lauschteren sech géigesäiteg no, ouni deen aneren z'ënnerbriechen.

Nolauschteren ass eng Konscht fir sech, déi glécklech Koppele meeschtens gutt hikréien. si wëlle wëssen wéi deem aneren säin Dag war, a weisen Interessi. Permanent dertëschent plapperen an eege Geschichten zielen passéiert hei éischter seelen.

Si vergläichen sech net mat anere Koppelen.

Vergläicher sinn ni gutt, well all Koppel ass anescht, genee aus deem Gronn komme Mënschen an enger Bezéiung déi gutt leeft net op d'Iddi d'Koppel X aus dem Bekanntekrees nozemaachen, oder wéi d'Koppel Y funktionéieren ze wëllen.