A Japan kann ee Mënschen als Familljememberen oder Gäscht fir Partye buchen. D' Entreprise, déi dat ubitt, versprécht esouguer, dass hir Mataarbechter ee méi glécklech maachen, wéi déi real Mënschen. Wat do genau dohannert stécht, weess d'Lea Schwartz.

12/02/2020 E Papa op Bestellung

De Japaner Yuichi Ishii ass haaptberufflech Papp. Dat heescht awer net, dass hien doheem bei de Kanner ass. Mee hie kann een als Papp buchen, fir Gebuertsdeeg oder einfach e gemittleche Familljenowend. Beim Papp op Bestellung geet et net onbedéngt drëms sech wéi e Babysitter ëm d' Kanner ze këmmeren, mee wierklech eng Roll am Liewe vum Kand anzehuelen. Vum Kleedungsstil, iwwert de Charakter bis zu där Aart a Weis wéi hie mam Kand ëmgeet, ass alles vun der Mamm am viraus bestëmmt. Dat geet esouguer sou wäit, dass hie bei verschiddene Familljen Ticke muss nomaachen.

D'Iddi koum him viru 14 Joer. Eng Bekannte vun him wollt hiert Kand an enger Spillschoul umellen. Dofir missten awer déi zwee Elterendeeler mat an d' Virgespréich kommen. D' Mamm war awer elengerzéiend an huet hien dofir  gefrot, de Papp ze spillen.
Dat ganzt ass mëttlerweil eng riseg Geschäftsiddi. 2009 huet hien d' Firma Family Romance gegrënnt, do schaffe ronn 3000 Mataarbechter. An déi kann ee buchen, net nëmme just als Papp, mee fir all méiglech Roll ze iwwerhuelen. Vill Japaner géife bei der Firma Léit lounen fir e besseren Androck no baussen ze maachen. Sou hätt eng Kéier e Mann sech Eltere geléint fir senger Verloobten net mussen ze soen, dass seng eegen Elteren dout sinn. Oder eng aner Brautkoppel hätt sech Gäscht fir hir Hochzäit gebucht, well si net genuch eege Frënn hate fir grouss ze féieren.

Buche kann een sou eng Persoun fir 4 Stonnen, dat kascht dann 20 000 Yen, ëmgerechent 170 Euro. Fir déi Sue versprécht dem Yuichi Ishii seng Firma besser wéi d' Realitéit ze sinn. Bei dëser Commande kann een all d' Virléiften uginn an d' Mataarbechter vu Family Romance géifen déi dann och esou erfëllen. Et kann een sech also praktesch de perfekte Familljemember kreéieren.

Den Ament spillt de Yuichi Ishii selwer fir 35 Kanner de Papp. Dat geet esou wéit, dass verschiddener vu senge Client'en schonn erwuesse sinn an ëmmer nach dovun ausginn, dass hien hire Papp ass.

Iwwert d'Zukunft vun der Geschäftsiddi huet sech de Japaner wéineg Gedanke gemaach, dat gëtt en bei engem Interview mat der Süddeutschen Zeitung zou. Et wier awer eng Aufgab un där se schaffe géifen.
En Ersatz fir e richtege Familljemember ass de bestallte Papp net wierklech. Zum Papp si gehéiert eben méi dozou, wéi just heiansdo fir e puer Stonnen opzedauchen.