D'Iddi derhannert: et genee esou ze maachen ewéi beim Fleesch, also eng planzlech Alternativ op de Marché bréngen.

13/02/2020 Fësch ouni Fësch ?

Dat war dës Woch den Trend op der Foire fir Fësch zu Bremen an Däitschland. D'Mierer ginn iwwerfëscht, d'Leit wëlle sech ëmmer méi ëmweltbewosst ernären an esou gëtt och an der Fëschbranche no Produite gesicht, déi net vum Déier sinn. Et existéieren och schonn éischt Artikelen ouni Fësch, allerdéngs muss nach e bëssen um Goût geschafft ginn.

© Pixabay

D'Firma 'Frosta' huet zum Beispill getest wéi Fësch-Bulletten a panéiert Fileten aus Geméis bei de Kichecheffen zu Bremen ukommen, ëmmerhinn huet d'Entreprise en halleft Joer Aarbecht an d'Produite gestach. Et wollt een en Artikel schafen, dee wäiss ass, an un de Colin (op däitsch: 'Seelachs') erënnert. An de Fësch-Ersatz komme Chou-Fleur, Bounen an anert wäisst Geméis. Dobäi nach Läinueleg fir den Omega-3 a Proteinen aus Hanf. D'Resultat ass krupseg, schmaacht awer net wierklech no Fësch.

De Goût maachen d'Panéiermiel an d'Gewierzer oder d'Zooss. De 'Fësch vum Feld' gëtt elo mol als éischt a Kantinnen an a Franchise-Restauranten ausprobéiert, méi spéit soll een en och am Supermarché kréien.

© Pixabay

D'Experten op der Foire sinn dovunner ausgaangen, dass een e staarke Fësch-Goût ewéi beim Hierk net ouni Aroma kann hikréien. Et kritt een och schonn alternative Saumon an Thon ze kafen. D' Associatioun zum Goût vum Fësch mécht een do iwwer d'Omega-3-Fettseieren. Soss ass dee 'Fësch' am Fong näischt aneschters ewéi Tapioka-Stäerkt an Zocker aus Algen.