Den Aarbechtsdag ass laang a gëtt ëmmer méi stresseg. Vill Employéen hunn Angscht, datt si hir Aarbecht net erfëlle kënnen oder eréischt méi spéit an de Feierowend ginn, well si dertëscht Pause maachen. A genee dat ass de Feeler, well Pause sinn immens wichteg, Max Kerschen.

13/02/2020 Pause si wichteg

Et ginn 3 Grënn, firwat ee mol e Break maache soll. Duerch reegelméisseg Pause kann een entspanen. Domadder kann de Kierper an och de Kapp fir e puer Minutten eroffueren. Dobäi gëtt d'Konzentratiounsfäegkeet nees gestäerkt an op laang Siicht kann ee sou präventiv géint Krankheete virgoen.

Wann ee seng Pause richteg positionéiert, kann een am Uschloss nees méi séier an effektiv schaffen. Keng Pause maachen wier souguer kontraproduktiv, well een doduerch nach méi Zäit verléiert. Mee wéi soll ee seng Pause maache fir manner Stress op der Aarbecht ze hunn a méi ze leeschten?

Experten no gesäit den ideale Pauseplang 3 méi grouss Pause vir. Moies soll ee sech 15 Minutten huelen. 30 Minutten sollen et fir de Mëtteg sinn an am Nomëtten wier eng Véierel Stonn Paus ideal. Allerdéngs soll een och ëmmer no enger voller Stonn eng gutt 5 Minutte Paus maachen fir kënnen ofzeschalten.

Net nëmmen d'Zäit ass e Faktor bei der richteger Paus, och d'Verhalen spillt eng extrem wichteg Roll. Am beschten soll ee seng Aarbechtsplaz verloossen fir op aner Gedanken ze kommen. Gespréicher mat Aarbechtskollegen schueden net, allerdéngs soll d'Thema „Aarbecht“ net ugeschwat ginn. E weideren Aspekt ass d'frësch Loft. Gitt fir e puer Minutten eraus, maacht e puer kleng Übungen fir de Kreeslaf e bëssen op Touren ze bréngen an entspaant är Aen wann der laang virun engem Bildschierm hänkt.

Iesst och net op der Aarbechtsplaz, gitt an d'Cantine oder an e Restaurant iessen oder sicht eng schéi Plaz an der frëscher Loft. Huelt Iech genuch Zäit, well séier Iessen deet weder dem Kierper nach dem Geescht gutt. Drénkt och genuch, am beschte Waasser oder Spruddelwaasser.

Fir optimal kënnen ze schaffen muss awer all Mënsch seng beschte Pausenandeelung fannen. Einfach probéiere wat fir een am beschten ass a wat guer net geet. Da soll engem gudden a stressfräien Aarbechtsdag näischt méi am Wee stoen.

Iwwregens, d'Liiblingsbeschäftegung vun den Employéen während de Pausen wier den Austausch mat de Kolleegen. Ronn 50 Prozent géifen ënnerteneen schnëssen.