Wie bis elo bei Mëllech op Laktos, Nëss, Soja a Glute verzichte wollt, huet am beschte Waasser gedronk. Eng Mëllech aus Ierbesse soll awer elo genee dat erfëllen. Virun zwee Joer ass dee Produit fir d'éischt um US-Marché lancéiert ginn, sou lues kënnt déi Planzemëllech och bei eis un. Wat esou besonnesch un der Ierbessemëllech ass, kann eis d'Lea Schwartz erklären.

14/02/2020 Neien Trend: Ierbessemëllech!

 "Drénk deng Mëllech, da gëss de grouss a staark", dat oder sou eppes an där Zort huet wuel jidderee scho mol a senger Kandheet héieren. Vill Léit verzichten awer ëmmer méi dacks bewosst op Koumëllech. An dat aus de verschiddenste Grënn, vläicht well si sech vegan ernären, op der Sich no méi ëmweltfrëndlechen Alternative sinn oder einfach d'Laktos net verdroen. Alternative ginn et der um Marché méi wéi genuch. Aus Mandelen, Huewer, Soja an all méiglechen Zorten Nëss, haut kann een aus bal allem Mëllech maachen.

Relativ nei ass et fir Mëllech aus Ierbessen hierzestellen. Anescht wéi een den éischte Moment menge kéint, ass déi net gréng. Am Géigendeel, si gesäit aus wéi normal Mëllech, wann och méi wässereg. Et gëtt nämlech eng giel Ierbessenzort genotzt. Doduerch gëtt d'Resultat wäiss a cremeg. Vum Goût hir géif si bëssen no Noss schmaachen a ganz no un d'Sojamëllech erukommen.

Och a Saachen Ökobilanz hätt d'Mëllech aus Ierbessen d'Nues vir. Déi kann een nämlech och an eise Regiounen ubauen.  D'Mandele fir d'Mandelmëllech géife just a Kalifornien ugebaut ginn a brauche vill Waasser, an enger Géigend, wou et schonns immens dréchen ass.

Ma gesond soll se och sinn a virun allem dann och wierklech grouss a staark maachen. Nieft der normaler Mëllech huet dës Alternativ déi meeschte Proteinnen. 3,2 Gramm Eewäiss op 100 Milliliter. Dobäi kënnt, dass se vill Kalzium huet a virun allem vill Omega 3 Fettsaieren. Dat si gutt Fetter, déi ënner anerem wichteg fir d'Gehir an d'Häerz sinn. Omega 3 fënnt ee soss am fette Fësch oder an Nëss. Allergiker oder Veganer gëtt dofir dacks geroden dorop opzepassen, däers genuch aus anere Sourcen ze kréien. An do wäre mer scho beim Thema, Allergiker. Ierbessemëllech ass och fir déi eng gutt Alternativ. Ob een elo laktosintolerant ass, eng Nëssallergie huet, vu Glute Bauchwéi kritt oder awer de Soja net verdréit. Ierbesse géif jidderee verdroen.

Wann een aus deem een oder anere Grond elo op déi bekannte Mëllech verzichte wëll, feelt et engem net un Alternativen. D' Auswiel ass grouss. A wéi eng dann elo déi bescht ass, ass wéi sou dacks um Enn eng Affär de Goût.