De Radar-Marathon. Een Dag laang gëtt da vun der Police d'Vitesse gemooss a jiddereen deen ze séier ënnerwee ass, dee muss an Täsch gräifen. Dat ganzt op engem Dag ze maachen bréngt enger Etüd no net vill. Et gëtt besser Strategien.

14/02/2020 Blëtzer-Marathon mécht kee Sënn

Geschwënn ass et erëm esouwäit an Police annoncéiert e weidere Radar-Marathon.

Jiddereen, deen dann deen Dag mam Auto ënnerwee ass, weess, dass en dee Moment besser huet, sech un de Code de la Route ze halen. Eppes wat jo eigentlech all Dag de Fall sollt sinn. A genee do läit de Problem.

Ech picken eng Campagne eraus. "Slown Down Europe" war eng, déi europawäit bannent 24 Stonne gemaach goufen. Am Joer 2018 goufen hei am Land 183 Kontrolle gemaach, bei deenen 187 Chaufferen ze séier ënnerwee waren.

Eis däitsch Noperen hunn elo eng Etüd realiséiert fir ze kucken ob esou e Radar-Marathon wierklech eppes bréngt. 4 Joer laang huet d'Uni vu Passau d'Fuerverhale vun de Leit analyséiert.

Hier Conclusioun ass, dass Leit zwar um Dag, wou d'Kontrollen annoncéiert sinn méi lues fueren. Op deem Dag geschéien dann och 8% manner Accidenter. Ma schonn den Dag dono wieren déi Zuelen erëm nom ale Muster.

Leit déi gären op d'Schlapp drécken, wësse wat se erwaarde kann, wa se erwëscht ginn. Bei hinne bleiwen esou Aktiounen ouni grouss Wierkung. Se huelen et a kaf.

D'Ekipp ronderëm de Prof. Dr Stefan Bauernschuster hält fest, dass en annoncéierte Vitesse-Kontrollen-Dag nëmmen e symbolesche Charakter huet, an net deen Effekt erziilt deen d'Police sech erwaart.

Et wëll een den Automobilist jo dozou ze beweege säi Verhalen op der Strooss ze änneren.

Eng Aner Etüd weist dass et och anescht geet. Bei där Campagne ass et net drëms gaangen d'Automobilisten ze bremsen an deem ee Kontrolle mécht an dës annoncéiert. Nee, et ass drëms gaangen och tatsächlech eng Strof ze kréien. Wien nämlech eemol eng Kéier bestrooft ginn ass, fiert dono vill méi verstänneg. Och nach 2 Joer dono.