Ob Plastik eemol ganz vun eisem Planéit verschwannen wäert, ass éischter onwahrscheinlech, dofir awer wënschenswäert. Mir begéinen am Alldag ëmmer  nach vill ze vill dovunner. Wat jidder eenzelnen vun eis ka maachen, ass manner Plastik konsomméieren, a wann et dann awer net anescht geet, dann soll de Plastik op mannst uerdentlech recycléiert ginn. Ma elo soll mat enger nei Methode Plastik qualitativ besser recycléiert ginn.

14/02/2020 Eng nei Methode fir Plastik ze recycléieren

Bis elo kritt Plastik en zweet Liewen andeems en geschrädert, duerno gebotzt an dann geschmollt gëtt, fir dass doduercher nei kleng Pellets aus Plastik entstinn, déi da weider kënnen verschafft ginn. Eenzeg, a gläichzäiteg och méi groussen Nodeel bei der Saach ass, dass duerch d'Schmelzen d'Qualitéit vum Plastik méi kleng gëtt an domadder kann een de recycléierten Plastik net méi fir alles benotzen. Wat zur Konsequenz huet, dass awer ëmmer nees neie Plastik produzéiert muss ginn.

De Professor Matthew Jones vun der Uni zu Bath an England schafft zesumme mat sengem Team un enger neier Methode, fir Plastik ze recycléieren. Amplaz Plastik kleng ze maachen an dann ze schmëlzen, soll sech de Plastik elo selwer a seng eenzel chemesch Bestanddeeler zerleeën. Domadder bleift d'Qualitéit erhalen.

Et gëtt awer en Hoken. Den Ament funktionéiert dës Methode just bei Plastik, deen aus Polyactiden gewonnen gëtt. Dat gëtt meeschtens gebrauch fir Plastiksfolien hierzestellen, déi een biologesch ofbaue kann. Di sougenannten PET-Plastiksfläschen kann een domadder nach net chemesch recycléieren. Dorunner schaffen d'Fuerscher awer grad op Héichtouren. Dat kéint nämlech dozou bäidroen fir de Plastiksproblem besser an de Grëff ze kréien. Mat dësem Usaz kéint Plastik an Zukunft onendlech nei benotzt ginn an domadder kéint opgehalen ginn, dass weider neie Plastik produzéiert gëtt. Domadder misste keng  fossil Brennstoffer méi aus dem Buedem geholl ginn an et ginn och manner Gasen an d'Atmosphär entlooss, seet de Professer.