Déi Unzuel misst een absolvéieren fir de Kierper an de Geescht fit ze halen. Mä- ass dat wierklech esou? Oder geet manner och duer?

17/02/2020 10.000 Schrëtt den Dag

Wann ee recherchéiert wou déi 10'000 Schrëtt hierkommen, da stéisst een op e Produit aus de 60er Joren, e japaneschen Schrëtt-Zieler, fir deen deemools Reklamm gemaach gouf. An do kommen déi 10'000 an d'Spill an aus engem Slogan ass eng allgemeng Wourecht gemaach ginn.

Der Weltgesondheetsorganisatioun ass virun 11 Joer opgefall dass dat effektiv d'Leit kann dozou bréngen, sech méi ze beweegen. Mä virun allem fir Leit, déi am Sëtze schaffen, ass dat bal onméiglech. Da sollt een am Beschte kucken wéi vill ee normalerweis geet an dann ongeféier 2'000 bis 3'000 Schrëtt am Dag dobäi rechnen. Am Mee d'lescht Joer ass eng Etüd publizéiert ginn, déi seet, dass schonn 7'500 Schrëtt den Dag duerginn fir dass de Risiko ze stierwen, erofgeet. Wouriwwer se sech awer all eenz sinn: wat méi Beweegung, wat besser.

© Pixabay

De britesche Gesondheetsministère setzt op d'Intensitéit vun der Beweegung. Et sollt ee sech villméi drop konzentréieren, méi séier ze goen, anstatt op déi 10'000 Schrëtt. Dofir d'Consigne all Dag fir op mannst 10 Minutten mat Schwong ënnerwee ze sinn. D'WHO recommandéiert, sech an der Woch op mannst 150 Minutte ze beweegen, esou dass den Häerz-Kreeslaf-System un d'Schaffe kënnt. Dat kann séier Spadséiere Goen, Vëlo fueren oder Schwamme sinn.

[

© Pixabay

Eng Alternativ si 75 Minutte Sport, also d'Halschent, awer da méi intensiv. Dat geet dann duer fir sech genuch beweegt ze hunn. Wien wierklech eppes fir seng Gesondheet wëllt maachen an d'Leeschtung vun Häerz a Long wëllt verbesseren, dee soll déi Zuele verduebelen. Da kritt een och méi Kraaft an d'Muskelen an de Risiko fir eng Depressioun geet erof.

© Pixabay