Ganz geschwënn ass et nees souwäit. Muer den Owend oder spéitstens e Samschden de Moie fiert nees quasi dat ganzt Land Richtung Bierger. An hoffentlech läit dann och genuch Schnéi, fir dass ee gemittlech oder e bësse méi sportlech d'Pisten herno nees erof kënnt. Fir dass kee blesséiert heem kënnt, ginn et e puer Tipps vum Kiné, fir sech sou gutt wéi méiglech ze preparéieren.

13/02/2020 Fit an der Skivakanz

Am beschten wier et jo, et géing een ëmmer dat ganzt Joer iwwer Sport dreiwen. Bei villen passt dat leider net ëmmer an de Programm. Ma sech awer adequat e puer Wochen virun der Skivakanz ze bewegen, wier immens wichteg.

Lo kënnt et awer mol leider bei villen mol vir, dass se de néidege Sport am Virfeld net sou gutt an hiren Alldag integréiert kruten. Wichteg wier virun allem, dass ee seng Leeschtung sengem Niveau beim Ski oder Snowboard fueren upasst, fir ze vermeiden, dass een ze vill Tempo kritt an ob eemol Kontroll verléiert.

Dat gëllt och fir déi méi sportlech ënnert eis, well vill Beweegungen awer anescht sinn, wéi bei aneren Sportaarten an dat  eisem Kierper an eise Muskelen vill of verlaangt.

Di meeschte Leit sinn sech deem net ëmmer bewosst. Am beschten verhënnert ee Blessuren an deem ee genuch am Viraus trainéiert. Et géing ee jo och net eng 10 Kilometer Course lafen, ouni virdrun e bëssen trainéiert ze hunn.

Mee Verletzungen geschéien och dacks, wann ee keng gutt genuch Siicht huet an d'Wieder net extrem gutt ass. Dofir och ëmmer éischter ob Nummer sécher goen, wéi sech mat vollem Elan d'Piste erof ze stierzen.