D’Kenneléieren iwwert Internet huet sech immens verbreet a gehéiert haut zu deene bekanntste Methoden seng besser Hallschent ze fannen. 30 Prozent vun den Erwuessenen a souguer bal 50 Prozent vun den ënner 30-Järegen hunn an den USA scho mol eng Dating-App oder Internetsäit benotzt, sou eng Etüd vum Meenungsfuerschungsinstitut Pew Research Center. Nicky Soisson.

18/02/2020 Tinder Notzer shoppen anescht

Online Dating verännert net nëmmen d'Aart a Weis vum Kenneléieren, ma och eist Consommatiounsverhalen, sou den Daniel McMurtrie vum Hedgefonds Tyro Capital Management zu New York. Den Direkter beschäftegt sech aus der Siicht vun Investisseure mat der Dating-Branche.
Wann ee bedenkt, wéi vill Suen een ausgëtt, fir e Partner ze fannen, sech ze bestueden a Kanner ze kréien, dann ännert sech dat alles duerch den Online Dating, sou den McMurtie.

De Smartphone huet d’Kenneléieren iwwer Internet réischt sou richteg populär gemaach. D’User musse nëmme Fotoen eroplueden an e puer perséinlech Informatiounen agi fir dann direkt kënne Fotoe vun aneren ze gesinn. Et kascht haut bal keng Suen oder Zäit fir en Date ze arrangéieren.

Fréier hunn d’Leit nach an hirem sozialen Ëmfeld, am Frëndes- oder Familljekrees no engem Partner gesicht. Dat war vläicht e Krees vu maximal 100 bis 200 Leit. Geet allerdéngs en Date am Bekanntekrees schif, kann dat schnell peinlech ginn.

Firwat sollt een dat riskéieren, wann een mat enger App direkt Dosende vu potentielle Partner kenneléiere kann? de McMurtrie weider.

Dës Entwécklung huet iwwregens och ekonomesch Auswierkungen. Sou zum Beispill géing de Marché fir Männer-Schéinheetsproduiten ëmmer méi grouss ginn. Manner kafe méi Beauty-Produite fir op de Profilfotoe besser auszegesinn. Männer-Parfum, par konter, gëtt net méi verkaf wéi fréier, well e Selfie kann ee schliisslech net richen.

Ma och Restauranten a Kleedergeschäfter kéinten mat Tinder & co hir Verkaf-Chifferen an d’Luucht drécken. Zu New York géing ee fir en Date op mannst 92 Euro ausginn.

Ënnerschat gëtt iwwregens och den Afloss vum Online-Dating op d’Positioun vun de Fraen, virun allem an immens konservative Länner. Do wou d’Fraen sech traditionell mat Männer aus dem Bekanntekrees hu missten zefridde ginn, hu si elo amplaz vu 15, eng Millioun Optiounen. Dobäi kennt dann och nach, dass dës Fraen e Mann kënne refuséieren, ouni dobäi hire Ruff ze riskéieren.

Wann dir dëst Joer Valentinsdag eleng verbruecht hutt an nach op der Sich no Ärem Deckelche sidd, da kënnt Dir et jo eventuell och mol online ze probéieren. Mat e bëssi Chance gëtt et jo e "Match" an déi grouss Léift.