Et gi Leit déi maachen den Handy ëmmer erëm aus, virun allem iwwert d'Nuecht. An da ginn et déi aner! Aus Angscht eppes ze verpassen, bleift den Handy 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 un. Wat ass dann elo besser? Dem Handy heiansdo eng Paus ginn oder net, Jil Arend?

18/02/2020 Muss ech den Handy heinansdo ausmaachen?

Mir Mënsche brauche Rou a Schlof fir eis Energie néi opzelueden! Villäicht si verschidde Leit der Meenung dem Handy géif et genausou ergoen an e misst heiansdo einfach ausgemaach gi fir dass e besser funktionéiere kann. Schliisslech ginn esou alleguerten d'Apps um Smartphone eng Kéier zou an dat ass gutt fir d'Betribssystem. Den Andreas Habermehl, vum "Zentralverband der Deutschen Elektro- und Informationstechnischen Handwerke", kuerz ZVEH, seet dass dat esou net stëmmt! Déi allermeescht Handyen a Smartphone maachen hire Softwareupdate automatesch. Dozou gehéiert dann och e Neistart. Et ass also net noutwenneg den Handy manuell auszemaachen.

Mee wouhier kennt dann dee Mythos dass een säin Handy reegelméisseg ausmaache soll? Fréier huet ee bei engem Update vun de Software den Handy manuell missen aus an erëm umaachen. Doduerch sinn och alleguer d'Programmer, déi am Hannergrond gelaf sinn zougemaach ginn. Dës Gewunnecht hunn verschidde Leit bäibehalen obwuel eis Smartphone vun haut dat alles automatesch maachen. Se un an aus ze maachen ass also net méi néideg, mee et ginn awer Grënn et dach heiansdo ze maachen.

Et ass nach ëmmer net genau gekläert wéi een Afloss d'Stralung vum Handy op eis Gesondheet huet. Et ass also net vu Muttwëll den Handy iwwert d'Nuecht auszemaachen, wëll do brauche mer en jo sou wéi sou net.

Och beim Oplueden, ass d'Ausmaache vun Handyen, Smartphonen a Co. eng gutt Iddi. Den Akku gëtt méi gläichméisseg gelueden an dat kann hëllefen d'Liewenszäit ze verlängeren.