Leit, déi u Misophonie leiden, also der Angscht virun Kierpergeräischer wéi knätschen, mussen elo ganz staark sinn. Et geet nämlech elo ebe just ëm dat. Méi genee ëm ee néie Knätsch duerch deen ee Krankheeten schonn an 2 Minutten soll erausfanne kënnen. Wat do hannendru stécht, d'Lea Schwartz huet dëst nogesicht.

18/02/2020 En intelligente Knätsch?

10 Joer laang huet e Grupp Fuerscher vun der Uni-Klinik Würzburg un dësem Knätsch geschafft. Et ass eng Aart Schnelltester. Schmaacht e batter, ass et een Zeechen fir Krankheetserreeger am Mond. Duerch dee Knätsch kéinten Doktere bei verschiddene Krankheete méi séier reagéieren. Bis elo huet ëmmer missen en Ofstréch gemaach gi wann de Verdacht vun enger bakterieller Infektioun do war.

De Knätsch selwer ass näischt Besonnesches. Déi ganz Aarbecht mécht en dënne Film ronderëm de Knätsch. Deen ass léislech a besteet aus enger Eewäiss-Ketten, sougenannte Peptiden. An déi schütze Batterstoffer virdrunner fräi gesat ze ginn. Huet een elo awer schlecht Bakterien am Mond, ginn déi Peptiden zerstéiert. D'Eewäiss Kette léist sech op an de Batterstoff verdeelt sech am Mond. Schmaacht et also batter, da weess ee Bescheed, dass eppes am Mond net ganz an der Rei ass.

Grad Leit mat Implantater an den Zänn kënne vum schnelle Knätschtest profitéieren. Esou en Implantat kann nämlech eng Entzündung vun de Schanken an der Schläimhaut provozéieren. Wann een dat mat Zäite mierkt, kann den Dokter den Implantat nach retten. Wann een dat net mierkt, muss een en am schlëmmste Fall nees eraushuelen. Wéi esou dacks, gëllt och hei, wat een et éischter mierkt, wat besser. Dann ass de Knätsch natierlech praktesch, deen Test brauch nämlech just 2 Minutten. Geduecht ass en fir zousätzlech zu anere medezineschen Tester anzesetzen.
An Zukunft solle souguer Virusinfektiounen esou virzäiteg entdeckt ginn, awer och vill aner Krankheete wéi zum Beispill bei entzünte Mandelen oder der Kannerkrankheet Scharlach.

Bis elo gouf e just am Labo getest, de nächste Schrëtt wären éischt Tester u Mënschen. A wann de Knätsch och am Mond esou reagéiert, wéi sech d'Fuerscher dat virgestallt hunn, soll en op de Marché kommen. Dobäi soll eng Start-up hëllefen, fir dass een de Knätsch dann och iergendwann s ouni Rezept an all Apdikt kréie kann. Domadder wär e fir jiddereen zougänglech.