Och an Europa ass de Covid-19, sou kann ee jo och soen, ukomm. E réckelt also méi no, obwuel bis elo wier nach kee Fall zu Lëtzebuerg bekannt. Wie besonnesch gutt oppasse soll, huet d'Marie Gales nogesicht.

26/02/2020 Wee muss oppasse beim Corona-Virus?

Déi séier Ausbreedung vu der Krankheet an Italien gëtt engem dach ze denken. Ma och a Frankräich an a Däitschland hu se schonns e puer Fäll an d'Angscht wiisst natierlech, dass mir och geschwënn de Covid-19 am Land kéinten hunn.

De Lëtzebuerger Gesondheetsministère huet op senger Internetsäit déi rezent Donnée gesammelt, wat bis elo ze wëssen ass iwwert dës Krankheet an déi ginn och à jour gehalen.

Bei engen 2,3 Prozent vun alle Fäll geet d'Krankheet déidlech aus. Etüden a China – wou et déi meescht Infizéiert gëtt – weisen, dass virun allem eeler Leit de gréisste Risikogrupp duerstellen, den Dokter Jean-Claude Schmitt, den Direkter vun der Santé zu Lëtzebuerg erkläert

Op den 11. Februar 2020 gekuckt waren et bei den 1.023 Doudegen eng 12,3 Prozent bei de 50-59 Joer ale Mënschen, a knapp 81 Prozent bei de Leit, déi tëscht 60 an iwwer 80 Joer haten.

Opgefall ass an enger anerer Etüd, dass et méi Männer wieren, déi de Virus net iwwerlieft hunn. Gesonde Mënschen soll de Virus net sou vill ausmaachen, am Géigesaz zu deenen, déi zum Beispill Zocker, chronesch Otemweeërerkrankungen, héije Bluttdrock oder e Kriibs hunn. Déi meeschten Doudesfäll gouf et bei de Patiente mat Häerz-Kreeslaf-Probleemer a mat engem Immunsystem, dat schonns ugeschloe war.

Bei knapp 90 Prozent vun den Infizéierte verleeft d'Krankheet ganz douce an och bei méi schwéiere Fäll ass net all Patient gestuerwen.Wat awer net bedeite soll, dass een de Virus op d'liicht Schëller huele soll. Keng Panik, mä et soll een seng Oueren an Aen ophalen.

Weltwäit goufen eng 80.134 Fäll gemellt an dovunner sinn 2.698 Mënsche gestuerwen. Zur Zäit ginn et eng 276 gemellte Fäll an Europa. Sou wäit de leschten Update vum European Centre for Disease Prevention and Control vun haut.