Mer Mënsche loossen eis ëmmer erëm gäre vun den Déieren inspiréieren. Sief dat vun de Flilleke vun de Villercher, vun de Spannen hirer Seid, oder den Äisbieren hirem Pelz. Elo huet een op der John-Hopkins Universitéit d'Schlaangen als Virbild geholl, Julie Dupont.

20/02/2020 D'Roboterschlaang ass do

Déi meescht maache léiwer ee grousse Bou ronderëm Schlaangen. Déi eng fäerten se wéinst hirem Gëft, an anerer fannen et virun allem eekleg wéi se sech beweegen, sou ouni Äerm a Been. Fir all déi Leit wär d'Aarbecht vun den Ingenieuren op der amerikanescher John-Hopkins Universitéit sécher näischt gewiescht. Ëmmer nees hunn d'Fuerscher Video-Opnamen vu Schlaange gekuckt, a wéi dës sech bei verschiddenen Hindernisser verhalen. Schlaange ginn et nämlech an all Liewensraum: an der Wüst, am Djungel an de Bierger, ma souguer am Mier. An dat mat dach ëmmer deem selwechte Kierperbau. Wéi kann et also sinn, dass Schlaange kënnen op Beem kloteren, a sech iwwer riseg Dünen erstaunlech séier beweege?  

D'Schlaangen hunn do einfach eng gutt Technik, esou de Leeder vum Fuerscherteam Chen Li:
D'Schlaang deelt hire Kierper a verschidden Deeler, woubäi all Deel eng aner Aufgab huet. Am Fall vun engem groussen Träpplek, notzt d'Schlaang dee viischten an hënneschten Deel fir do weider ze schlängele wou et flaach ass, also virun an iwwert dem Träpplek. De mëttelen Deel hieft d'Schlaang dann an d'Luucht an hält dëse riicht soulaang se erop klëmmt.  

Ass d'Uewerfläch awer naass oder rëtscheg, passt sech d'Schlaang un a beweegt sech méi lues. Si schlängelt och manner hin an hier, fir esou d'Gläichgewiicht besser ze halen.

An no deem Virbild hunn d'Ingenieuren dann elo ee Roboter gebaut. Dëse kann da grouss a géi Hindernisser iwwerwannen, ouni Äerm oder Been fir sech iergendwou fest ze halen. Doduerch kéint de Roboter och herno fir Rettungsaktiounen oder anere Aktivitéiten agesat ginn.
Eist Zil ass et esou schwiereg Terrainen besser ze verstoen, a wéi een sech dorop beweegt. Zum Beispill de Buedem am Bësch oder um Terrain no engem Äerdbiewen.