Wéi laang mer schlofe sollen ass ëmstridden. Déi meescht Schloffuerscher sinn der Meenung 7 bis 8 Stonne ginn duer. Et ginn awer och Mënschen déi mat vill manner Schlof gutt gefuer sinn, esou zum Beispill den amerikaneschen Architekt a Visionär Buckminster Fuller, den Thomas Edison oder och de Leonardo da Vinci. Se hunn de polyphasesche Schlof praktizéiert. Hei schléift een 3-4 mol den Dag, awer ëmmer nëmme fir eng kuerz Zäit. Den Ubermann-Prinzip ass déi extreemst Variant vun dëse polyphasesche Schlof-Modeller. 2 Stonne Schlof ginn hei duer, Jil Arend.

20/02/2020 Uberman-Prinzip

En normalen Dag gliddert sech an 3 mol 8 Stonnen: 8 Stonne Schlof, 8 Stonnen Aarbecht an dann nach eng Kéier 8 Stonne Fräizäit. Dësen normale Schlofrhythmus nennt sech monophasesche Schlof! All 24 Stonne schlofe mir 1 mol, dofir awer eng relativ laang Zäit.

Eeler Leit an och Kanner schlofe meeschtens biphasesch, also 2 mol. Normalerweis e bësse manner laang an der Nuecht, mee dofir gëtt awer eng Mëttesrascht gehalen. Och a verschiddene Kulturen huet sech dëse Schlof-Modell fest verankert: denkt een zum Beispill un déi spuenesch Siesta oder den Inemuri a Japan. Sou kann ee säi Schlof op 6 Stonne verkierzen.

Gi mer dann nach e Schrëtt méi wäit, komme mer bei déi polyphasesch Schlofgewunnechten, wou de Schlof opgedeelt gëtt. Eng Method ass hei den "Everyman-Prinzip"! Hei gëtt et, ewéi bei de monophaseschen a biphasesche Schléifer och eng Haapt-Schloofphas wou een annerhallef bis 4,5 Stonnen um Stéck schléift. Dobäi kommen awer dann nach eng Kéier 2 bis 5 Raschten, sougenannt Nap, vun ëm déi 20 Minutten. Den Everyman-Schléifer brauch esou ronn 4 Stonne Schlof pro Dag.

De schonn ugeschwaten "Uberman-Prinzip" ass beim polyphasesche Schlof deen extreemsten! Et gi guer keng Haapt-Schlofphase méi! All 4 Stonne gëtt hei fir 15-20 Minutte gerascht.  Ännert een dëse Prinzip e bëssen ëm, an et leet een sech 4 mol fir ronn 30 Minutten op d'Ouer, sou nennt sech dat ganzt "Dymaxion-Prinzip". Hei schléift een dann am ganzen nëmmen 2 Stonne pro 24 Stonnen.
Mee wéi funktionéiert dësen Uberman-Prinzip?

De klassesche Monophasen-Schlof ass an 3 Phasen agedeelt: Den Déifschlof, den REM an déi sougenannt Zwëschenphasen.
Am Déifschlof sinn eis Muskelen entspaant an d'Gehiraktivitéit ass am geréngsten. An dem REM, der Phase vum Rapid Eye Movement, geschitt genau de Géigendeel: d'Aktivitéit am Gehir an de Bluttdrock ginn an d'Luucht, Adrenalin gëtt ausgeschott a mir dreemen. Et gëtt gesot, dës Phase wier essentiell fir eist Gehir, well hei dat d'Erliefnisser an d'Andréck vum Dag verschafft ginn. Ronn 2 Stonne verbrénge mer an dësem Zoustand. Allerdéngs net um Stéck, mee opgedeelt a 5-6 verschidde Phasë vu jee 20 Minutten.

A genau hei knëppt den "Uberman-Prinzip" un. Hei gëtt probéiert säi Schlof op dës Phasen erof ze briechen. De Kierper gëtt programméiert direkt an de REM ze kommen an net den Ëmwee iwwert déi aner Tëschephasen ze maachen.

Mee de Wiessel vum klassesche Schlof hin zum "Uberman-Prinzip" ass awer net esou einfach! Am allerschwéiersten ass déi éischt Woch: All 4 Stonne fält de Kierper maximal an d'Ufanksphase vum gewinnte monophasesche Schlof a gëtt direkt nees doraus gerappt! Ouni Déifschlof oder REM-Phas. Et leit een ënnert Schlofentzuch, kritt déi ganzen Zäiten Honger an huet Problemer sech ze konzentréieren. Et dauert ongeféier 3 Deeg bis de Kierper mierkt, dass en eppes ännere muss! E versteet, dass en dee bësse Schlof deen en kritt optimal notze muss a probéiert lues a lues direkt an déi essentiell REM-Schlofphas ze kommen. Mee och nach no dëser kierperlecher Ëmstellung wäert e sech zimlech midd spieren, well dem Kierper de Schlof vun de leschten Deeg feelt. An der éischter Woch fillt een sech ewéi een Zombie! Mee huet een dës awer iwwerstanen, pendelt sech dat Ganzt lues a lues an an et fillt een sech erëm ausgeschlof. No 6 Méint ass een da komplett Ubermann, an de Kierper huet sech un déi 2 Stonne Schlof gewinnt.