D'Fléien ass schlecht fir d'Ëmwelt, dat ass gewosst. Fligeren imitéieren awer net nëmmen eng jett CO2, mee hannerloossen och Kondens-Sträifen um Himmel. An och dës si schlecht fir eist Klima; se sinn un der Iwwerhëtzung vun eisem Weltklima Schold! Fuerscher vum Imperial College zu London hunn awer elo gewisen, dass scho kleng Ännerung un der Fluchhéicht dës Auswierkunge vun de Kondenséier-Sträife reduzéiere kann. Mee wéi erwiermen déi onschëlleg wäiss Sträifen, déi Wolleke gläichen, d'Wieder? Jil Arend.

21/02/2020 Kondens-Sträifen

Schold doru sinn déi schwaarz Kuelestoff-Partikelen déi de Fliger ausstéisst, wëll de Kerosin net ganz verbrannt gëtt. D'Ofgasen enthalen niewent dem Rouscht och Waasserdamp. A grousser Héicht, wou d'Loft immens kal ass, kondenséiert d'Waasser un de Partikelen a fréiert. Sou entstinn dann Äis-Wolleken déi mir als Kondens-Sträife kennen. Dës halen d'Wiermt, déi vun dem Buedem opsteigt, an der Atmosphär gefaangen. D'Energie kann esou net an de Weltall entfléien an dat kuerbelt dann déi global Äerderwiermung un!

Londoner Fuerscher schreiwen, dass déi meeschte Sträifen aus kondenséiertem Waasser nëmmen e puer Minutten halen. Wier d'Äerd allerdéngs voll mat Äis bedeckt, kéinten sech dës mat de Cirruswolleken, renge Wolleken aus Äis, verbannen a kéinten da bis zu 18 Stonnen am Himmel ze gesi sinn.

Scho fréier Studie weisen dorop hin, dass dëst d'Klima e gutt Stéck méi erwierme kéint ewéi dat de Fall duerch d'CO2-Emissioun ass. d'Londoner Fuerscher wollten elo méi genau wësse wéi eng Eegenschaften dës Wierkung beaflossen! Fir hir Ënnersichungen hunn se sech de Loftraum iwwer Japan méi genau ugekuckt. Resultat: Knapps 2,2 Prozent vun all de Flich suerge fir 80 Prozent vun der Äerderwiermung déi de Kondens-Sträifen zouzeschreiwen ass. An engems ginn d'Fuerscher och eng Léisung fir de Problem; wann nëmmen 1,7 Prozent vun de Fligere ronn 610 Meter méi héich oder niddereg fléien, wéi et hir geplangte Route virgesäit, kéint dat d'Bildung vu de kondenséierte Sträifen andämmen an d'Äerderwiermung ëm bal 60 Prozent miniméieren.

Mee do schéngt et awer e Konflikt ze ginn: Wann d'Fligeren Ëmweeër fléie mussen, gëtt hir Stréck manner effizient! Esou gëtt dann erëm méi CO2 ausgestouss, wat dann alt erëm d'Aspuere vun de Kondenssträifen hifälleg mëscht! Dësem Dilemma kënnen d'Fuerscher vu London awer widderspriechen! Géifen nëmmen déi Fligeren, déi am meeschte Kondens-Sträife bilden, hir Fluchhéicht ëm e Minimum änneren, wier d'Erwiermung duerch den zousätzlechen CO2 Ausstouss, méi niddereg ewéi bei de Kondenssträifen déi bäi gläicher Fluchhéicht ausgestouss ginn. Sou kéint dann de Klima-Effekt méi kléng gehale ginn!

A nach besser wier et, wann och den technesche Fortschrëtt hëllefe géif! D'Fuerscher vum Londoner Imperial College schreiwen dass dësen Effekt esou guer ëm bal 92 Prozent reduzéiert kéint ginn, wann déi konventionell Motoen duerch Motoe mat propperer Verbrennung ersat géife ginn!

D'Fluchlotsen gesinn dat ganz awer anescht! Dass Fligeren a verschiddenen Héichte fléien huet seng Grënn! An d'Fluchhéicht gëtt fir all Fliger, all Dag, jee no de Wiederbedéngungen ugepasst a néi berechent! D'Ëmfléie vun den Kondens-Sträife-Zonen wier eng zousätzlech Variabel déi erëm misst mat akalkuléiert ginn!