Et war ee vun deene wichtegste Filmer vun der Nokrichszäit an Däitschland. "Lola rennt" huet net nëmme vill Präisser ofgeraumt, ma war och e Sprangbriet fir vill bekannte Gesichter, déi nach haut an der däitscher Kinoszeen matmëschen. Ënner anerem de Moritz Bleibtreu. Elo soll den däitsche Klassiker an enger Bollywood Versioun nei verfilmt ginn. Aus "Lola rennt", gëtt "Loop Lapeta".

21/02/2020 Lola rennt, Bollywood Editioun

Indien ass eng Filmnatioun. An de Kino goen, ass hei eng vun deene beléifste Fräizäitaktivitéiten. 2,7 Milliarde Kinostickete ginn hei am Joer verkaaft. Méi wéi soss iwwerall op der Welt. Dat läit natierlech ënner anerem och dorunner, dass Indien e grousse Marché ass mat 1,3 Milliarde Leit, déi do liewen. Bollywood ass eng riseg Institutioun an hei gi souguer duebel sou vill Filmer produzéiert wéi zu Hollywood.

Elo soll en däitsche Film nei verfilmt gi vu der indescher Entreprise Ellipsis Entertainment a Sony Pictures. D' Original "Lola rennt" ass 1998 vum Regisseur Tom Tykwer realiséiert ginn a gëtt bis haut nach dacks kopéiert, wéinst der aussergewéinlecher Aart a Weis wéi et gefilmt ass. D'Geschicht gëtt nämlech dräimol erzielt, all Kéiers mat ganz kléngen Ännerungen. Am Verlaf vum Film, wierken sech déi herno esou staark op d'Endresultat aus, dass et op dräi verschidden Aart a Weise kéint ausgoen. E puer mol gouf de Konzept scho kopéiert an iwwerholl, ënner anerem vun de Simpsons an am Museksvideo vun der US Amerikanescher Band Bon Jovi bei "It's my Life".

Am Bon Jovi Museksvideo leeft de Haaptpersonnage op e Concert. Am Original geet et ëm déi jonk Fra Lola, gespillt vum Franka Potente. Hire Frënd de Manni huet 100.000 D-Mark vu sengem kriminelle Chef verluer. Fir hien ze retten, versicht si déi nees erëmzefannen, dofir huet si just 20 Minutten Zäit. Während si duerch Berlin rennt, leeft parallel och d'Zäit of.

Fir Bollywood ass et net déi éischte Kéier, dass si e Film nomaachen. Do ginn et vill bekannte Beispiller vun "E.T" iwwer "Dirty Dancing" bis zu "Der Pate". Ganz aktuell gëtt den Ament och den US-Klassiker "Forrest Gump" nogemaach. Hei trëllt den Haaptpersonnage just eben net duerch déi Amerikanesch Geschicht, mee dat Ganzt gëtt an een indesche Kontext gesat. Änlech soll et mat "Lola rennt" gemaach ginn.

De Film gëtt net 1 zu 1 iwwerholl, d'Iwwerschaffe vum Skript huet dofir och dräi Joer gedauert. Eng vun deene wuel markantste Charakteristike vum "Lola rennt" sinn der Schauspillerin hir grell rout Hoer. Déi waren dem Regisseur deemools esou wichteg, dass d'Schauspillerin sech d'Hoer net huet dierfe wäschen. An dat, déi ganz 7 Woche vum Tournage. Ob der indescher Schauspillerin an der Adaptatioun hir laang schwaarz Hoer dann och gefierft ginn, ass nach net bekannt. Am Abrëll fänken si elo mol mat deenen éischten Aarbechten un, am Januar 2021 soll d'Bollywood Editioun dann um groussen Ecran ze gesi sinn.

Am Film leeft d'Lola, dann d'Lapeta dann och net duerch Berlin, mee duerch d'Stroosse vu Mumbai.