Mam Äschermëttwoch fänkt Faaschtenzäit un. Eng Zäit wou all déi, déi hei matmaachen op verschidde Saachen verzichten. Sief et Schokla, Kaffi oder Fleesch. 7 Wochen dauert déi Zäit an déi kann zimmlech haart sinn. Et sief awer gesot ass d'Welt net ënner geet wann e puer kleng Ausrutscher huet.

21/02/2020 Sënnvollt Faaschten

Et muss een net streng Kathoulesch si fir ze faaschten. Allgemeng deet ee sengem Kierper Guddes, wann ee fir e puer Wochen net grad alles ësst. Faaschte kann een och einfach ëmmer maachen. Et muss een net waarde bis an Fueszäit.

An eisem Kierper geschitt eng Zort Fréijoersbotz wéi Fuerscher vun der Sporthochschule zu Köln verroden hunn. Well een an där Zäit op villes verzicht, kënnt de Stoffwiessel a Schwong. Dernieft wierkt dat ganzt sech positiv op ze héije Bluttdrock, Rheuma oder Zocker aus.

Et ass awer wichteg net ze streng mat sech selwer ze sinn. Wann een dann och eemol net widderstoe konnt, dann ass dat kee Grond fir direkt ganz opzeginn.

Am Mëttelpunkt vum Verzicht op Zäit steet de Konsum an de Genoss. Et soll een dës bewosst erliewe fir esou seng Gewunnechten ze testen.

Wien faascht, muss sech awer drop astellen, dass ee sech dobäi am Ufank net ganz gutt fillt. Dat dauert esou laang bis de Kierper sech un déi Situatioun gewinnt huet. Huet de Stoffwiessel sech ugepasst gëtt Laun och erëm besser. Et kritt ee Glécksgefiller, déi wéi en "High" wierken.

Dat kënnt dohier, dass de Kierper méi Serotonin produzéiert. Dëst ass e Gléckshormon. Wien elo eng länger Zäit net vill Ësst, deen dréit dozou bäi, dass dëst Hormon méi laang am Kierper bleift. Et ginn och Stoffer wéi Endocannabinoide produzéiert. Dëse Cannabis-Änlechen Hormon ass och de Grond firwat ee Leit mat chroneschem Wéi réit ze faaschten.

Et muss och net ëmmer ëm Kalorien, Zocker oder Alkohol goen. Et kann een allgemeng op Saache verzichten, déi iwwerflësseg oder schlecht fir d'Gesondheet sinn.Als Beispill: Wien sech fir hëlt manner Zäit um Handy ze verbréngen, deen huet doduerch méi Zäit fir seng Famill oder Kolleegen.