Bei den Influencer si sech d'Léit net ganz eens! Déi eng, virun allem déi méi jonk, gesinn an hinnen en Virbild. Anerer sinn der Meenung et wier eng Zort vu Volleks-Verblödung. Fir Reklammen ass et allerdéngs goldwäert! Wat op Instagram oder Youtube presentéiert gëtt, gëtt och gäre vun den Nokuckerte kaf a getest. Mee net alles wat gewise gëtt, gëllt et nozemaachen! Den Ament ginn et Influencer, déi sech sécher sinn: ech muss kee Waasser drénken, Jil Arend.

21/02/2020 Influencer drénke kee Waasser méi

Op Instagram fënnt een ëmmer méi dacks den #nowater. Verschidden Influencer propagéieren heirënner den "Dry Fasting". Hei kritt de Kierper Flëssegkeet just duerch Uebst a Geméis; Leitungswaasser oder soss e Mineralwaasser aus dem Supermarché stinn hei net um Iessplang! Eng dovunner ass d'Alise Miksta. D'Fra vun 30 Joer krut vun engem indesche Guru gesot, dass mer Waasser guer net brauchen! D'Influencerin, déi gebierteg aus Lettland kënnt, wéist op hirem Instagram-Account hire knapps 4.000 Follower dass een net forcement Waasser drénke muss! Si ass der Meenung, dass d'Recommandatioun fir 2 Liter Waasser den Dag ze drénken eng eenzeg Marketing-Ligen ass! Et géif duergoen d'Waasser duerch d'Ernierung opzehuelen an net "pur" ze drénken! Déi jonk Fra schwiert virun allem op Jusen, aus ville frësche Friichten a Geméis, fir op hir deeglech Quantitéit u Waasser ze kommen!

E Schrëtt méi wäit geet eng 35-järeg Yoga-Joffer aus Éisträich! Hir Reechwäit op Instagram ass nach e gutt Stéck méi grouss: bal 19.000 Leit kucken dem Sophie Prana seng Fotoen. An engem Interview mat dem Magasinn "Vice" huet déi jonk Éisträicherin elo gesot, se géif wierklech guer kee Waasser méi drénken, an dat schonn zënter méi ewéi engem Joer! Flëssegkeet gëtt si hirem Kierper just duerch Melounen-Jus a Kokosnoss-Waasser. Se ass fest dovun iwwerzeegt, dass mir just vun der Waasserindustrie agetriichtert kréien, dass mer déi ganzen Zäite Waasser drénke missten, fir dat Waasser verkaf gëtt. Duerch de Verzicht op dat "eidelt Waasser", soll sech hir Funktioun vun den Niere scho verbessert hunn. Och d'Reefer ënnert den Aen a verschidden Iess-Allergien si verschwonnen: se fillt sech allgemeng einfach vill besser!

Kann een deem ganzen wierklech gleewen? Eise Kierper brauch jo awer Waasser, do si mer eis eens. Oder, Alexandra Schmit, Dieteticienne.

Komplett op Waasser ze verzichten ass also keng gutt Iddi! An och just waasserhaltegt Uebst a Geméis z'iessen, fir awer op den deegleche Gebrauch u Flëssegkeet ze kommen, huet einfach net de selwechten Effekt ewéi en Glas Waasser "pur" ze drénken!

Et kann een also soen, dass d'Influencer do en falscht Bild vermëttelen! Et soll een net alles gleewe wat een esou op de soziale Medie liest! Dat ganzt, ass villäicht op kuerz Dauer onschiedlech mee op länger Zäit gekuckt kann dat net gutt ausgoen!