Den 21. Februar 1965 gëtt de Biergerrechtler Malcolm X zu New York erschoss.

21/02/2020 Op den Dag: Mord um Malcolm X

De Malcolm X war ee vun de wichtegste Vertrieder vun der amerikanescher Biergerrechtsbeweegung.
Et waren direkt méi Täter, déi sech fir d'Ermordung vum Malcolm X zesumme gedoen haten. Den deemools 39 Joer ale Mann hat viru senge Leit eng Ried gehale. wéi am Publik e Sträit opkomm ass. Seng Bodyguards sinn dertëscht gaangen. Wéi dës bis fort waren, stoung de Malcolm X eleng ob der Bün um Pult. Direkt e puermol gouf dee Moment ob hie geschoss.
Ee vun den Attentäter, den Thomas Hagan gouf nach ob der Plaz verhaft, 2 aner Täter goufe méi spéit fonnt. Allen 3 ware se Membere vun der Organisation Nation Of Islam. Eng radikal moslemesch Vereenegung an där de Malcolm X bis 1964 ee vun den Haaptleit war.

Obwuel d'Nation of Islam als wichtegen Deel vun der Emanzipatiounbeweegung vu Schwaarzen zielt, war hiren Usaz e ganz anere wéi dee vum Martin Luther King. D'NOI also Nation Of Islam war net drun interesséiert déi Schwaarz an déi Wäiss Gesellschaft z'integréieren. Et wollt een eng eegen Emanzipatioun an e Separatismus deen een als Rass dozou gehéiere léist. Anescht wéi de Luther King, war de Malcolm X och kee Verfechter vu prinzipieller Gewaltfräiheet. Seng berüümt Ried aus dem Joer 1964 "The Ballot Or The Bullet" also de Walziedel oder d'Kugel wollt soen dass d'Afro Amerikaner hier Rechter zur Nout och mat Gewalt sollten duerchsetzen.

No a no huet de Malcolm X gefalen un de Gedanke vum Luther King fonnt. De Malcolm X deen den Titel Minister vum Tempel vun Harlem hat, hätt dat net dierfen ënnerstëtzen sou d'NOI. Dës huet sech verrode gefillt a war gezwongen ze handelen. Eng Woch méi spéit um 21 Februar vum Joer 1965 ass de Malcolm X dowéinst erschoss ginn.

D'Organisatioun (OOAU) D'Organisatioun vun der Afro Amerikanescher Unitéit huet direkt dono u Bedeitung verluer. D'Iddie vum Aktivist goufen awer iwwerholl. Vun der Black Panther Party déi e schwaarzen Nationalismus propagéiert huet.