Mer brauchen fir sou zimlech alles an eisem Liewe Stroum. A mer brauchen es ëmmer méi. Ganz nohalteg ass dat awer net ëmmer. Mee Stroum kann een och net einfach aus der Loft gräifen. Oder dach, Julie Dupont?

21/02/2020 Stroum aus Loft?

Et kléngt no Science-Fiction mat e bësse waarmer Loft. Fuerscher vun der Massachussetts Amherst Universitéit hunn et elo fäerdeg bruecht aus Loftfiichtegkeet Stroum ze produzéieren.

Fir dass dat klappt, hunn d'Fuerscher als éischt emol ee Prototyp misse bauen. Dësen heescht "Air-Gen". An där Maschinn si Protein-Nanodréit dran. Des Dréit kommen vu Geobacter Mikroorganismen, déi esou Protein-Dréit vu sech aus produzéieren. Dës Dréit bilden ee Film am "Air-Gen" dee manner wéi zéng Mikrometer déck ass. Ëmgerechent a Milimeter, mécht dat emol net 0,01 Milimeter aus.
Mat dësem Film sinn awer erëm Elektrode verbonnen. Ganz vereinfacht ausgedréckt zéien d'Elektroden dann d'Elektrizitéit aus dem Waasserdamp eraus. Dëse Waasserdamp gehéiert zu dem wat mer als Loft bezeechnen. Doduerch, dass dann ëmmer nees nei Loft an den "Air-Gen" era kënnt, kann en esou konstant Energie produzéieren.

De Fuerscher no ass d'Technologie absolut ëmweltfrëndlech, erneierbar a souguer bëlleg! Souguer op Plaze vun der Welt wou et net esou vill Loftfiichtegkeet gëtt, wéi zum Beispill der Sahara, soll d'"Air-Gen" Technologie awer nach weider Stroum produzéiert kréien. Ma nach ee Virdeel vun "Air-Gen" ass, dass een domat souguer bannen an der Wunneng oder am Haus kéint Elektrizitéit gewannen.

Den Ament ass d'Technologie nach an der Entwécklungsphase. Zil vun de Fuerscher ass et awer, d'Technik esou séier ewéi méiglech fir de Marché prett ze kréien. Am Ufank sollen dann méi kleng elektresch Geräter domat bedriwwe ginn. Ma och d'Akkuen vun eisen Handyen kéinte mat esou "Loftgeneratoren" equipéiert ginn. De Virdeel dobäi: den Akku misst een ni méi oplueden.