Eleng am Joer 2018 ware weltwäit ronn 1,8 Milliarde Touristen ënnerwee. Déi verschidde Reesdestinatiounen sinn dowéinst och een ökonomesche Motor fir hir respektiv Länner. Mee et bedeit och, dass vill Ressourcen do gebraucht a verbraucht ginn. Grad an aarme Länner ass et dofir wichteg domat responsabel ëmzegoen. Esou, dass d'Natur, an och d'lokal Bevëlkerung net drënner leid. D'ONG "Ethic Traveler" stellt dofir all Joer eng Top-Ten Lëscht mat de beschten Destinatiounen op. Wéi eng Länner do drop stinn, huet d'Julie Dupont. 

24/02/2020 Ecologesch Reesdestinatiounen

Fir d'ONG Ethic Traveler, ass et wichteg déi Länner ze belounen, déi grouss Efforte maachen eppes nohalteg ze änneren. Dat geet vum Spuere bei Ressource, bis Naturschutz a Rechter fir Minoritéiten.

Op der éischter Plaz steet dofir Armenien. D'Land mat 3 Milliounen Awunner ass déi éischte Kéier am Ranking mat dobäi, an huet et do och direkt op Plaz 1 gepackt. De Grond heifir, esou Ethic Traveler, wär déi nei Regierung vun Armenien, ënnert dem President Nikol Pashinyan.
Nieft enger ëmfaassender Reform fir d'Wiertschaft an de Staatsapparat, goufen och Mossnahme géint Korruptioun a fir erneierbar Energien gestart. 2019 gouf och a Saache Déiereschutz nogebessert. Fir Ethic Traveler wier et awer nach wichteg, dass a Saache Gläichberechtegung nach vill misst geschafft ginn. Do steet d'Land nämlech nach ganz ënnen op der Lëscht. 

© unsplash.com

An der Mëtt vum Ranking geet et dann an d'Karibik. Den Inselstaat Jamaika steet do um Mëttelfeld. Op Jamaika géifen d'Autoritéiten ëmmer méi mat hirer Ëmwelt ausernee setzen, a probéieren déi ze schützen. Dofir goufen zum Beispill scho Stréihällem a Plastikstute verbueden an erneierbar Energien subventionéiert. Donieft hat Jamaika och ugekënnegt 20 Milliounen Dollar an d'nohalteg Fëscherei z'investéieren, an och géint illegal Fëscherei virzegoen.

Ee grousse Problem am Bob Marley senger Heemecht ass eng kéier d'Kriminalitéit. Mee, als Risikofaktor huet Ethical Traveler virun allem d'Rechter vun Homosexuellen ervir gehuewen. Homosexualitéit ass op der Insel nämlech nach ëmmer illegal, a Gewalt géint LGBTQ+ Persounen deementspriechend héich.

© unsplash.com

Op der leschter Plaz fënnt een nach Uruguay. Dat südamerikanescht Land ass net fir d'éischt op der Lëscht vun der ONG. Duerch konstant Efforten a verschiddene Matièren ass et dann och dëst Joer mat dobäi. Sou ass zum Beispill d'Bestiednis fir Jiddereen erlaabt. 2019 huet een sech nei Mesure ginn fir géint de Mënschenhandel firzegoen, an Uruguay hat als eent vun deenen éischte Länner eng international Konventioun géint Gewalt a Belästegung op der Aarbechtsplaz ënnerschriwwen. Ëmsou méi schlëmm ass et dowéinst, dass et am Land nach ëmmer kee Gesetz gëtt géint Gewalt  vis a vis vu Frae. 2019 sinn an Uruguay bal 30 Fraen a Meedecher un de Suite vu Gewalt géint Frae gestuerwen.

© unsplash.com