Wéi laang mer schlofe sollen ass ëmstridden. Déi meescht Schloffuerscher sinn der Meenung 7 bis 8 Stonne ginn duer. Et ginn awer och Mënschen déi mat vill manner Schlof gutt gefuer sinn, esou zum Beispill den amerikaneschen Architekt a Visionär Buckminster Fuller, den Thomas Edison oder och de Leonardo da Vinci. Se hunn de polyphasesche Schlof praktizéiert. Hei schléift een 3-4 mol den Dag, awer ëmmer nëmme fir eng kuerz Zäit. Den Ubermann-Prinzip ass déi extreemst Variant vun dëse polyphasesche Schlof-Modeller. 2 Stonne Schlof ginn hei duer, Jil Arend.

20/02/2020 Uberman-Prinzip

Wat elo besser ass, ass net ganz genau gewosst. Fakt ass, dass de Schlofrhythmus sech am Laf vum Liewen ännert. Déi eng brauche méi an déi aner manner Schlof. Den Edison huet just 2 Stonne Schlof gebraucht. Den Einstein awer 12 Stonnen!