Äppel kennt een als knackeg a säfteg fir eranzebäissen, mee se kënnen och méi: gemuelen als Äppelmiel sollen se anscheinend beim ofhuelen hëllefen. De grousse Avantage sinn déi vill Ballaststoffer. D'Isabel Scott mat den Detailer.

18/02/2020 Äppelmiel en neien Wellness-Trend?

Alles wat gemuel gëtt kann een als "Miel" bezeechnen. An trotzdeem, wa vu "Miel" riets ass, denkt ee wahrscheinlech éischter un de renge Polver vu Käre wéi Weess, Roggen oder Geescht. Elo huet d'Fitness- an d'Ernährungsbranche eng néi Alternativ fonnt zu de Superfood-Varianten wéi Mandelmiel, Kokosmiel oder och nach Quinoamiel. Äppelmiel heescht den neien Trend, deen engem beim Gewiichtofhuelen hëllefe kann. D'Miel aus Äppel ass nämlech ideal fir ze Baken a Kachen.

Äppel hu vill Nährstoffer
"An apple a day keeps the doctor away" - dat Englescht Sprachwuert deit schonn s op déi gesond Wierkungen vum Apel. An wierklech bréngt déi beléifte Fruucht vill Nährstoffer mat sech. Äppel hu Kalium, Calcium an Vitaminne A, B an C, ausserdeem och gesond Antioxidanten déi beim Dréchnen net verluer ginn. All dës gesond Bestanddeeler ginn et och am Äppelmiel.

D'Polver gëtt aus den gedréchente Friichte gewonne, dobäi kommen och Deeler, déi ee meeschtens net ewechléisst, wéi zB. d'Kären an de Still. Wat soss beim Presse fir Jus ze maachen als Offallproduit ewechbleift, fënnt een beim Äppelmiel als gesond Ballaststoffer erëm.

Äppelmiel besser wéi Weessmiel?
Eng aktuell serbesch Studie beleet, dass grad déi planzlech Faseren de groussen Ënnerscheed tëscht Äppel- a Weessmiel ausmaachen. Déi sinn nämlech am Äppelmiel véier mol méi héich wei am Weessmiel. An d'Daarmflora profitéiert och vun de Bestanddeeler wéi z.B. Pektin. D'Cholesterolwäerter ginn och positiv beaflosst.

Ofhuelen mat Hëllef vun Äppelmiel?
Grad esou einfach ass et net. Et hëlt een net automatesch of wann een Weessmiel duerch Äppelmiel ersetzt. D'Fruchtpolver ass verhältnisméisseg räich u Kuelenhydrater. Als Low-Carb-Produit kann et eleng schon wéinst dem héije Gehalt vu Fruchtzocker an de Ballaststoffer net bezeechent ginn.  Mee d'Bestanddeeler am Äppelmiel maachen awer méi laang sat. Wéinst dem Ausbalancéieren vum Bluttzockerwäert huet ee manner Appetit an Heisshunger-Attacke muss een och net fäerten. D'Fettverbrennung gëtt ugereegt. 
Anescht ass et beim Weessmiel, deen de Bluttzockerwäert schnell an d'Luucht dreift, an dann genau esou séier ofstierzen léisst.  A grad wann een mam Äppelmiel baakt, spuert een un iwwerflëssegen  Zocker-Kalorien, well d'Fruchtpolver vu sech aus d'Séisst aus de Fruchtzocker matbréngt.

Wou kritt een Äppelmiel?
Äppelmiel ass nawell nei um Marché. Dofir fënnt een e meeschtens och net am Supermarché. Gutt stockéiert Biogeschäfter sinn do déi besser Optioun, oder et bestellt een en iwwer Internet.