Poké-Bowls, Shakshuka a Ramen sinn Trends vun 2019 an domat an eiser schnell-lieweger Zäit scho vu gëschter. Iwwerdeems déi indesch Fësch-Zalot, déi israelesch pochéiert Eeër oder déi japanesch Nuddelszopp aus allen Ecker vun der Welt hierkommen, leien dëst Joer éischter déi bewosst Ernärung, saisonal a regional Produkter am Trend. D'BBC huet och dëst Joer erëm eng ëmfangräich Lëscht mat den Foodtrends 2020 opgestallt.

18/02/2020 Foodtrends 2020

Wie sech nach ëmmer am Fëschrayon d'Fro gestallt huet firwat et keng Saumons- oder Tentefëschsalami gëtt oder Schwertfeschham an Muschelwiirschtercher wollt iessen, dee kënnt dëst Joer op seng Käschten. Dat ganzt nennt sech "Seacuterie" a setzt sech aus de Wieder "Seafood" an "Charcuterie" zesummen. Dësen Trend kënnt aus Australien a féiert dat weider, wat Käch schonn zanter Joren mat dem Fleesch maachen, dat heescht fermentéieren, aleeën a reecheren.

Ueleger, Gedrénks an Iessen mat CBD-Ueleg sinn zanter dësem Joer am engleschsproochege Raum populär. CBD ass d'Ofkierzung fir Cannabidiol, an ass en net psychoaktiivt Cannabinoid aus dem weibleche Cannabis. Ob dës Nahrungsmëttel 2020 nach de Wee op Lëtzebuerg wäerte fannen, ass kaum méiglech, vu datt ons Gesetzgebung nach net ugepasst ass.

Wien alternativ Mieler wëll probéieren, kann dëst Joer op eng villfälteg Palett zeréckgräifen: Dozou gehéieren net nëmmen Mandel-, mee och Maniok- a Kokosmiel, mee et ginn och Mieler aus Choufleur, grénge Banannen a  souguer Cashew-Nëss. Genau sou exotesch sinn dëst Joer och Marinaden an Desserten op Basis vun Dattel-, Grenadine- oder Kokosnosssirop.

Och d'Restaurante si gefuerdert, net nëmme wéinst de neien Trends vum Iessen, mee och well d'Clientèle ännert. D'Unzuel vun de Vegetarier an de Veganer klëmmt zanter Jore massiv, awer an der leschter Zäit ass eng nei Tendenz ze verzeechnen. De sougenannte Flexitarier ass eng Persoun, déi sech meeschtens vegetaresch ernäert, kann awer och Fleesch iessen, awer nëmmen aus kontrolléierter a biologescher Haltung. Flexitarier ass eng Ofkierzung fir flexibele Vegetarier a bedeit sech net radikal vegetaresch oder vegan ze ernären, mee hie wëll sech bewosst ernären. Bei dëser Zort vun Ernärung läit et natierlech och op der Hand, dat ee sech saisonal a regional Produkter am léifsten op der Zong zergoe léisst.

Niichter sinn heescht "Cool sinn", 2020 mussen d'Baren a Caféë sech drop astellen, dat ëmmer méi Net-alkoholesch Gedrénks consomméiert ginn. Hei wäert d'Villfalt vun de sougenannte Virgin-Cocktails dëst Joer an d'Luucht goen, awer och déi grouss Nofro un aromatiséierte Waasser, de Limonaden aus Happ an u fermentéierten Téier wéi Kombucha wäert an dësem Segment eng gewëssen Diversitéit mat sech zéien.

Bei den alkoholesche Gedrénks wäert 2020 am Zeechen vun de fruuchtege Cocktailer stoen, dës sollen awer net séiss, ma sec genoss ginn. Aus dëser Erkenntnis eraus kéint den Drink 2020 de Cosmopolitan ginn, dee genee dëse Krittären entsprécht.