U wat erënnert der iech éischter? Un en heftegen Trip op der Achterbunn, oder un eng laang Meditatiounsseance? Gell, datt Gefill, wann et biergof geet, bleift éischter hänken wéi aner Saachen. Wéi awer droen divers Erfarungen dozou bäi, datt mir eis Existenz als sënnvoll erliewen?

19/02/2020 Firwat am Liewen extrem Erfarunge wichteg sinn

Bis ewell goufen et zwou Tendenzen an der Sënnfuerschung. Di eng Studien leeën den Fokus op di positiv Emotioune a beweisen, datt mir méi Sënn an eisem Liewe gesinn, wa mir eis gutt spieren, wéi wann et eis schlecht geet. Di aner Etüde konzentréiere sech op belaaschtend Erfarungen a kucken, wéi mir déi verschaffen. An deem Fall schéngen dann éischter mir selwer den negativen Evenementer e Sënn mussen ze ginn. Mee wat suergt da lo wierklech fir Sënn an eisem Liewen – éischter di agreabel oder di desagreabel Erliefnesser?

Datt wuel béides zoutrëfft, huet d’Equipe ëm den australesche Psycholog Roy Baumeister erausfonnt, wéi si d’Resultater vun den zwee wëssenschaftleche Lagere matenee verglach huet. Wéi erwaart, hu sech di Befrote méi glécklech gefillt, wa se méi Positives a manner Negatives erlieft haten. Se hunn allerdéngs an den zwee Fäll d’Gefill gehat, datt hiert Liewe méi Sënn hätt.

Zwee weider Australier, de Sean Murphy an de Brock Bastian, hu versicht, eng Bréck tëscht den zwou Richtunge vun der Sënnfuerschung ze schloen. Amplaz sech op den Ënnerscheed tëscht positiven an negativen Erliefnesser ze versteifen, hu si no Gemeinsamkeeten gesicht. Dobäi hu si d’Intensitéit vun den Erfarunge gekuckt an ebe grad net hir emotional Qualitéit. Intensiv Erfarungen, egal ob besonnesch schéin oder besonnesch schlëmm, kënnen, de Fuerscher no, doduerch Sënn stëften, well se a béide Fäll zum Nodenken ureegen.

D’Etüd vum Murphy a Bastian verännert eist Verständnes vun engem gudde Liewen an der mënschlecher Natur allgemeng. Op den éischte Bléck wonnert ee sech jo, datt sou vill Leit sech ganz bewosst manner agreabel Beschäftegunge sichen, z.B. immens traureg Musek. D’Resultater vum Murphy a Bastian loosse vermudden, datt net d’Trauregkeet, déi d’Musek ausléist, u sech agreabel ass, mee d’Intensitéit vun der Erfarung, well se ebe grad dozou féiert, datt mir de Sënn an eiser Existenz méi staark erliewen.

Et geet also finalement ëm eis narrativ Identitéit. Mir definéieren eis iwwert eng Rei vu Schlësselevenementer an eisem Liewen. Dës ware besonnesch intensiv an hunn eis dozou bruecht, an eis eranzekucken an iwwert eis selwer nozedenken. 

2018 schreift de Bastian, datt mir ouni wierklecht Leed ze kennen, kee richtegt Gléck empfanne kënnen. Och de Psycholog Paul Bloom vun der Uni Yale schwätzt vun der „Loscht um Leiden“ als Géigebeweegung zum Achtsamkeetswahn, dee versicht, e gutt Liewen iwwer Rouh an Ausglach z’erreechen.

Achtsamkeet kann zwar hëllefen, Ängscht oder Depressiounen an de Grëff ze kréien. Wa mir awer um Enn vun eisem Liewen zréckkucken, erënnere mir eis net un di meditativ Momenter, mee éischter un di emotional extrem Ablécker, an deene mir eis richteg lieweg gefillt hunn.

Josiane Hoffmann