Ufank Februar goufen et an Däitschland scho méi wéi 20.000 Leit, déi sech mat der Gripp infizéiert haten. Zanter September sinn och eng 96 Mënschen un de Suite vun der Influenza gestuerwen. De Grippevirus verbreet sech extrem séier, virun allem do wou vill Leit zesumme kommen.
Elo wou d'Fuesent sou richteg ufänkt, erkläert d'Nicky Soisson Iech, wéi Dir iech am beschte schütze kënnt, fir och dës Zäit gesond a monter ze iwwerstoen.

20/02/2020 Fuesent: wéi schützt ee sech viru Gripp a co

De Grippevirus gëtt iwwert Houscht an Néitsche vun infizéierte Leit iwwerdroen, respektiv da wann déi mam Virus infizéiert Drëpsen doduerch de Wee an d'Schläimhaut vun den Otemweeër fannen. Ma och iwwer d'Hänn oder Uewerfläche kann ee sech ustiechen.

Infizéiert Mënsche kënnen d'Krankheet iwwregens och iwwerdroen, ier si selwer d'Symptomer spieren!

Wann Dir Iech schütze wëllt, dann haalt Iech un dës puer Reegelen:

Anstänneg d'Hänn wäschen, dat ass d'Reegel Nummer 1, déi jidderengem misst bekannt sinn. Ma net nëmmen nom Besuch um Troun, ma och zum Beispill nodeems Dir Kontakt mat Offall hat, d'Wëndel vun ärem Puppelche gewiesselt hutt, Kontakt mat Déieren hat souwéi virun an no der Preparatioun vun Iessen.

Eng gutt Hygiène vun der Toilette a vum Haus sinn och immens wichteg. Deemno sollt Dir reegelméisseg doheem botzen. Denkt dobäi och un d'Klenschen an un d'Schalteren. Klengen Tipp um Rand: Wann Dir den Deckel vun der Toilette virum Spullen zoumaacht, da kënnt Dir iwwregens d'Verbreedung vu Krankheetskeimer zousätzlech limitéieren.

D'Experten roden allerdéngs vun Desinfektiounsmëttel of, well dës kënnen ënner Ëmstänn net nëmmen de Mikroorganismen ma och dem Kierper an der Ëmwelt schueden.

Fir déi ënnert eis, déi de Pech haten a sech well mat der Influenza ugestach hunn, bleift am beschten doheem fir Iech auszekuréieren. Evitéiert enk Kontakter a maacht et, firwat net, wéi d'Japaner, an dot, wann et muss sinn, e Mondschutz un fir är Matmënschen net unzestiechen.

A last but not least: richteg houschten an néitschen well iwwregens och geléiert sinn. Haalt an dëse Momenter op mannst 1 Meter Ofstand vun ärem Entourage a probéiert en Nuesschnappech ze benotzen, wat Dir dono direkt ewech gehäit. Sollt Dir keent bei Hand hunn, da geet den Ielebou och. Deen allerdéngs geheit dir dono idealerweis net ewech ;).