Granzen, brëllen an dobäi eng knallrout Binnett: Och déi friddlechste Mënsche ginn heiansdo un de Plaffong. Ma firwat gi mir iwwerhaapt rosen? An hëlleft et, seng Roserei vun Zäit zu Zäit erauszeloossen? D'Nicky Soisson huet sech deem Sujet mol ugeholl.

26/02/2020 Firwat gi mir eigentlech rosen?

Grad am Stroosseverkéier nawell zimmlech dacks de Fall: näischt schéngt eis méi rosen ze maache wéi deen Dabo, dee virun eis gemittlech mat 30 duerch d'Géigend kutschéiert, iwwerdeems mir presséiert sinn. Onméiglech dee Mënsch z'iwwerhuelen, also bleiwe mir schéi brav hannert him, an ënnerlech fänke mir vu Roserei un ze kachen. Dobäi entwutschen eis da gäre och mol déi eng oder aner net ganz kannerfrëndlech Wierder, fir et fein auszedrécken.

Rar sinn esou Explosiounen net. An Ëmfroe bekenne sech déi meescht Befroten zu enger bis 2 Roserei-Attacken an der Woch. Besonnesch heefeg wa si sech ongerecht behandelt fillen, zum Beispill wann een engem Schued gemaach huet an een awer näischt dogéint ënnerhuele kann.

Villes deit drop hin, dass Roserei am Laf vun der Evolutioun eng wichteg Roll gespillt huet. Wa mir rose sinn, da gëtt Noradrenalin fräi gesat, eist Häerz schléit méi séier, de Bluttdrock geet an d'Luucht. Sou bereet sech de Kierper op eng Kampf-oder Flucht Reaktioun vir, déi am Noutfall eis eegen Haut rette kann. Da wann en déidlechen Ugräifer virun eis steet. Roserei soll eis deemno zu Héchstleeschtungen befligelen. Eisen Organismus setzt Energiereserve fräi, konzentréiert sech op Bedroung a schéckt dem Géigner en eendeitege Message: Opgepasst, mat deem heiten ass net ze spaassen!

Haut, am 21. Joerhonnert, kënnt et glécklecherweis nëmmen nach seelen zu sou Extremsituatiounen. Meeschtens sinn et ganz alldeeglech Situatiounen, déi eis op d'Palm bréngen, wéi den Noper dee Sonndes Moies um 8 gefillten 100 Lächer a seng Mauere buert oder seng Musek esou haart opdréint dass d'ganz Haus vibréiert.

Gutt fir eis Gesondheet ass d'Roserei allerdéngs net. Effektiv ka se eis méi fréi an d'Këscht bréngen wéi eis léif ass. Ze vill där negativ Gefillsexplosioune sinn e Risikofacteur fir Blutthéichdrock a maache Häerzerkrankungen méi warscheinlech.

Dobäi komme Suitte fir déi sozial Ëmwelt: verschidden Etüden rapprochéieren den Hang zur Roserei mat Gewalt an der Partnerschaft, Kandsmësshandlung a souguer Mord. Dëst glécklecherweis net automatesch. Roserei geet réischt dann a physesch Aggressioun iwwer, wann all eis Kontrollmechanismen zesumme versoen. Enner gewéinlechen Ëmstänn schützen eis Empathie a pro sozial Wäerter, ma och d'Angscht viru méigleche Konsequenze virdrun, eis ugestauten Energie mat kierperlecher Gewalt erauszeloossen.

Wat also maache, wann d'Roserei een ze pake kritt fir méiglechst séier rëm zréck op de Buedem ze kommen?

Damp ofloossen, sou en heefege Rotschlo. Allerdéngs net wierklech eng gutt Iddi! Well domat erreecht een dacks genau de Géigendeel. Kuerzfristeg gesinn deet et zwar mat Sécherheet gutt, mol seng 7 Wourechten ze soen, ma op laang Siicht provozéiert dëst awer bei eisem Géigeniwwer éischter d'Loscht sech ze rächen, wat da rëm neien Ierger mat sech bréngt.

Sou onbefriddegend wéi sech dat och ufille kann : dacks ass et dat Bescht, sech ofzelenken, oder awer einfach nëmmen  ofzewaarden, bis dass d'Roserei sech leet an ee rëm e kale Kapp huet.