Objeten aus Science-Fiction-Filmer aus den 1980er- oder 90er-Joren wéi de Skateboard, dee schwieft, déi lieweg Dinosaurier an de mënschleche Roboter waren zu där Zäit nach ondenkbar. Hautzedaags, ëmmerhin 30 bis 40 Joer méi spéit a mat der immens séierer Entwécklung vun der Technologie si vill vun deenen Dreem, dach scho Realitéit ginn oder sinn um Wee fir fäerdeg entwéckelt ze ginn. De Sam Koob mat 2 Beispiller, wéi aus Science-Fiction Realitéit gëtt.

25/02/2020 Aus Science Fiction gouf Realitéit

Um Skateboard liwwert sech de Marty McFly eng rasant Verfolgungsjuegd duerch d'Stad, an der Science-Fiction-Trilogie "Back to the future" huet d'Briet awer keng Rullen, mee et schwieft iwwert de Buedem. A bei engem Asaz gëtt de Polizist Alex Murphy dout gemaach, hien erwächt doropshin am Kierper vun engem Roboter. Sou hunn d'Verbriecher elo guer keng Chance méi, well den Alex als "Robocop" onzerstéierbar ass.

De sougenannten Hoverboard ass scho Realitéit, wann och e bëssi anescht wéi mer en aus dem Film "Back to the future" kennen. Déi akkubedriwwen elektresch Brieder mat zwee Rieder sinn allerdéngs wäit ewech vum Original. Méi no dodrunner kommen zwou aner Entwécklungen; engersäits huet e japaneschen Autoshiersteller 2015 fir Reklamm ze maachen sou e Briet gebaut, op deem  e Skateprofi gefuer ass a wat och fonctionnéiert, allerdéngs ass d'Technik nach esou komplex, dat se net am Alldag ze gebrauchen ass. Dëse Skateboard schaaft e staarkt Magnéitfeld, dofir brauch een da Magnéitschinnen am Buedem, déi dofir suergen, dat d'Briet just puer Zentimeter iwwert d'Iwwerfläch schwieft. Méi spektakulär ass d'Entwécklung vum Franky Zapata sengem "Flyboard". Hei steet een op enger klenger Plattform an d'Féiss si wéi bei engem Snowboard festgemaach; de franséische Autorennfuerer huet am Summer 2019 domat fir grouss Opmierksamkeet gesuergt, wéi en mat bis zu 170 km/h iwwert den Äermelkanal geflunn ass. Hei si mer scho relativ no un der Realitéit.

De Film "Robocop" ass ee vu villen, bei deem Verschmëlzung vu Mënsch a Roboter thematiséiert gëtt. Et gëtt schonn a zanter enger Rei Joren Mënschen, déi an hirem Kierper technesch Geräter als Ersatz oder als Ënnerstëtzung fir ze liewen hunn, dës Mënsche gi Cyborg genannt. 2004 ass den éischte Mënsch als sougenannte Cyborg vun der britescher Regierung unerkannt ginn; den Neil Harbisson war bis dohin ganz faarweblann an huet sech eng Kamera an de Kapp implantéiere gelooss, déi Grotéin a Faarwen ëmwandelt. Zanter dëser Ännerung gesäit hien net méi alles gro mee faarweg. Ma och an anere Beräicher si mer dëse Cyborgs scho ganz no, bionesch Protheese si just ee Beispill dofir, och wa mer do nach net bei engem komplette Robocop sinn, ass Verschmëlzung vu Mënsch a Maschinn scho voll am Gaang.

Hei kann ee gesinn wéi séier d'Fuerscher an der Entwécklung virukommen; d'Fans vu "Star Wars" muss ech leider enttäuschen, well bei der Entwécklung vun engem echte Laserschwert wäert nach Joren daueren, bis een domadder da massiv Dieren ka kuerz a kleng schloen.