2 Kierperdeeler, 8 Been, an d'Fähegkeet, Männer ewéi Fraen zum Jäizen ze bréngen. Riets geet vun de Spannen. Ganz dacks hu mer de Reflex eng Spann, déi eis am Haus oder der Wunneng begéint, dout ze maachen. Dobäi hätte mer eigentlech besser, dat sinn ze loossen, Julie Dupont

25/02/2020 Firwat brauche mer Spannen?

Bei ganz ville Leit si Spannen net nëmmen onbeléift, mee léise souguer Panikattacken aus. Jidderee kennt op d'mannst een, deen eng Arachnophobie, also panesch Angscht viru Spannen huet. Dofir läit d'Arachnophobie och op der 6. Plaz vun den heefegste Phobien.

Dobäi musse mer d'Spanne besonnesch hei bei eis eigentlech net wierklech fäerten. Déidlech Spannen, wéi zum Beispill d'Schwarze Witwe, ginn et hei net an dacks bleiwen eis Spannen och relativ kleng.

Weltwäit ginn et iwwregens ronn 48'000 Zorte Spannen. Mä wéi vill Zorte Spannen hu mer dann hei zu Lëtzebuerg? Dat weess d'Biologin Elisabeth Kirsch vun Natur an Ëmwelt.

Elisabeth Kirsch: Also bei der leschter Oplëschtung vun de Spannenaarten hei zu Lëtzebuerg, goufen 495 verschidden Aarte festgehalen. Et ass awer wahrscheinlech, dass et der eng Partie méi ginn. Dat heescht et kann een dovun ausgoen dat et hei zu Lëtzebuerg jiddefalls iwwer 500 Aarte vu Spanne gëtt.

An all deene Spannen hir Liiblingsbeschäftegung ass et, Insekten ze friessen. Esou loosse sech d'Spannen tëscht 400 an 800 Milliounen Tonnen Insekte schmaachen. Dat kënnt ongeféier op de Fleesch- a Fëschkonsum vun eis Mënschen eraus. Eng en orm Quantitéit also fir déi kleng Krabbeldéiercher.
 
Duerch hire Konsum un Insekten si Spannen immens wichteg fir d'Balance vun eisem Ökosystem. Eng Welt ouni Spannen wier absolut net gutt. Ganz vill Planzen zum Beispill géife fir ëmmer verschwannen, well se vun den Insekte géife komplett opgefriess ginn. An déi allgemeng Insektepopulatioun géif explodéieren. Dat hätt dann och fir eis schwéier Konsequenzen.

An och d'Spanne selwer sinn dacks genuch d'Zilscheif vun hongeregen Déieren. Schlaangen, Villercher, Raten, ma souguer aner Insekten a Spannen friesse Spannen. Ronn 9'000 Aarte vun Insekten erniere sech zum Beispill exklusiv vu Spannen. Wann der eiser Ëmwelt also eppes Guddes doe wëllt, da loosst Staubsauger oder Méckebaatsch op der Säit, wann der eng Spann gesitt. 

Elisabeth Kirsch: Wann een se well ewech huelen, dann ass dat Einfachst eigentlech ee Glas ze huelen, d'Glas dann iwwert d'Spann ze stülpen an da mat engem Stéck Kartong, oder soss eppes Haardem drënner ze fueren an dann esou d'Spann eraus evakuéieren eigentlech. Lo net onbedéngt dann zur Fënster erausgeheien, soss kéint se an engem Pull landen. An dann ass der Spann do och net vill geschitt.

An nach ee klengen Awerglawen iwwert Spannen: et soll ee keng Spannen am Haus dout maachen, well Spanne Geld bedeiten. A wat se méi deck sinn, wat se méi Sue solle bréngen.