An Däitschland wëll de Ministère fir de Schutz vun der Bevëlkerung an Hëllef bei Katastrophen e Kachbuch erausbréngen. Awer net iergend eent, mee e Kachbuch fir den Noutfall. But vun der Aktioun ass et Rezepter ze sammelen, déi een och da kache kann, wann et eis aus iergendengem Grond u Stroum oder Waasser feelt.

21/02/2020 Noutfall Kachbuch

Et ass dat Material aus dem Thriller gemaach sinn, a wéi een hofft, dass se am beschten ni wierklech geschéien: Stroumausfäll, Iwwerschwemmungen, Pandemie. Kuerz den absolute Chaos. An engem Roman vum Mark Elsberg geschitt genee dat. De Stroum fält a ganz Europa aus, wéinst engem Cyberugrëff. Dat ass zum Gléck just Fiktioun. Esou Zeenarie sinn an der Realitéit relativ onwarscheinlech. A méi ofgeschwächter Form kënnen esou Saachen awer och mol geschéien. Dohannert stiechen heiansdo ganz banal Grënn. Eréischt 2018 war e ganze Staddeel vu Berlin schwaarz ginn. Fir 31 Stonne war kee Stroum méi do. Schold dorun, war en einfache Schued un engem Kabel.

Am Prinzip brauche mir eis jo keng Suergen ze maache wou dat nächst Iessen hierkënnt. D'Regaler an de Supermarchéë sinn ëmmer gefëllt. Dat kann sech awer och änneren, esou wéi et zum Beispill den Ament an der chinesescher Stad Wuhan de Fall ass. Duerch de Coronavirus si Staddeeler ofgespaart. D'Regaler an de Supermarchéë bleiwen dofir dacks eidel.

A genee dorop wëll de Ministère fir de Schutz vun der Bevëlkerung an Hëllef bei Katastrophen an Däitschland virbereeden. Mat engem klénge Sketch ruffen si d'Leit fir e Concours op. Jidderee ka nämlech Rezepter aschécke fir dat sougenannten Noutfall Kachbuch. Erlaabt sinn awer just Rezepter, déi ee kache kann, ouni Leitungswaasser a Stroum. An engem absoluten Noutfall geet et prioritär dorëms ze iwwerliewen an dofir muss een iessen.

Preparatioune fir de Noutfall änelen deene fir op ee Campingsausfluch ze goen. Wann de Stroum nämlech ausfält, ass e Gaskocher eng gutt Alternativ. Cartouchë hale sech laang. De Ministère réit Liewensmëttel fir 10 Deeg op Reserven ze hunn. E gutt gefëllte Wäikeller ass domadder net gemengt, och wann dee sech natierlech iwwer Joren hält. Mee éischter all Zorten Dousen, gedréchent Friichten an eben och Grondliewensmëttel, wéi Gromperen, Räis a Nuddelen.

An Zukunft soll een dann och eppes Guddes kache kënnen, wann weder Stroum nach Waasser funktionéieren, de Supermarché zou ass, an de Bauch trotzdeem grommelt. An zwar mat Hëllef vun deem Kachbuch. Virausgesat et huet een sech am Viraus mat Liewensmëttel agedeckt.

Bis den 31. Mee kann ee matmaachen a säin Rezept eraschécken. Duerno gesäit een da wéi eng kreativ Iddie beim Opruff esou zesummekommen. Iwwregens kann ee souguer eppes gewannen an zwar Dëppen, eng Kachmaschinn mat Gas an ee passenden Uewen.
Rezepter kann een och iwwert Mail eraschécken op notfallkochbuch.bbk@ gmail.com