Komme mer zu engem Thema wat zu dëser nach fréier Stonn passt wéi d'Fauscht op d'An: dem Schlof! Genuch ze schlofen deet net nëmme gutt mee ass och wichteg, dass de Kierper richteg funktionéiere kann! Net nëmmen ze mann Schlof ass schlecht fir eis Gesondheet! Och ze vill schlofe kann sech negativ op de Kierper auswierken!

Wéi vill Schlof ass dann elo ideal? Dëser Fro si Fuerscher vun dem NHF, der "National Health Foundation" nogaangen. Resultat: de Besoin u Schlof ass vun Alter zu Alter ënnerschiddlech! Wat ee méi al gëtt, wat een och manner Schlof brauch.

25/02/2020 Wéi laang soll ee schlofen?

Puppelcher vu manner ewéi 3 Méint brauche logescherweis am meeschte Schlof! Ideal sinn hei tëschent 14 a 17 Stonne soen d'Schloffuerscher vun der "National Health Foundation". Déi ënnescht Grenz si fir d'Bëbeeën 11 bis 13 Stonnen. Mee och a ganz jonkem Alter soll een net ze vill schlofen! Méi wéi 19 Stonne sollen déi kleng d'An net zou maachen.

Gi se da méi al, brauchen se och manner Schlof! D'Fuerscher soen, dass de Minimum fir Kanner tëschent engem a zwee Joer, bei 9 bis 10 Stonne läit! Idealerweis sollten d'Kanner awer 11 bis 14 Stonne schlofen! Kanner an der Spillschoul, also an engem Alter tëscht 3 a 5 Joer, brauchen da schonn e gutt Stéck manner Schlof, mee d'Grenz vun 8 Stonne soll awer op kee Fall ënnerschratt ginn! Am beschte fir de Kierper sinn an dësem Alter 10 bis 13 Stonnen. An och nach fir Kanner an der Primärschoul gëllt: schléift ee manner ewéi 7/8 Stonnen ass dat e gutt Stéck ze wéineg. 12 Stonne Schlof, gëllen an dësem Alter scho fir ze vill!

An der Pubertéit ginn Dreem méi wëll an de Schlof gëtt méi liicht! Tëschent 14 a 17 Joer soll een, de Fuerscher no, am beschten 8-10 Stonne schlofen. Déi ënnescht Grenz vu 7 Stonne soll awer am Teenager-Alter net ënnerschratt ginn, de Kierper brauch dës Zäit fir sech ze erhuelen!

Ab 26 Joer huet sech Bedierfnis no Schlof agependelt! Erwuessener sollen de Fuerscher no ronn 7 bis 9 Stonne schlofen! De Kierper packt et awer och alt mat manner Schlof, wann d'Nuecht dobaussen emol méi laang war! Reegelméisseg soll een awer d'Grenz vu 6 Stonnen net ënnerschreiden.

Ab 65 Joer ännert sech dann eng leschte Kéier eppes un eisem Schlof! Verschiddene Pensionäre komme mat just 5-6 Stonne gutt aus! An der Moyen ginn an dësem Alter 7 bis 8 Stonne gerascht!

D'Schloffuerscher betounen awer och, dass net all Mënsch de selwechte Schlofrhythmus huet! Ewéi bei esou ville Saachen am Liewe brauchen déi eng einfach manner vun enger Saach, déi aner dofir awer méi! D'Fuerscher ginn nëmmen eng Richtlinn un! Läit ee wäit iwwer der Moyen, oder eben och drënner, sou huet dat net direkt ze soen, dass de Schlofrhythmus komplett op der Kopp ass! Problematesch gëtt et eréischt dann, wann d'Limitt reegelméisseg ëm e gutt Stéck ënner- oder eben och iwwerschratt gëtt! Ze vill oder ze mann des Gudden, kann sech nämlech negativ op d'Gesondheet auswierken!

Fir e gesonde Schlof, liwweren d'Fuerscher och e puer Tipps:

Et soll een ëmmer kucken zu der selwechter Zäit an d'Bett ze goen, och Weekends. Dann ass et och hëllefräich sech en alldeeglecht Ritual fir virum Schlofe goen ze sichen! Vill Beweegung wierkt sech positiv op de Schlof aus: wien sech also vill beweegt, schléift och besser. Och Kaffi an Alkohol sollen Owes net méi gedronk ginn: genau ewéi gréngen a schwaarzen Téi stéieren se de gesonde Schlof! An nach e leschten Tipp: elektronesch Apparaten an der Schlofkummer, dat ass keng gutt Iddi, wëll och dës kennen sech negativ op eise Schlof auswierken!