Wann ee virum Training näischt ësst, da kann et engem scho mol schlecht oder schwindeleg ginn. Wann een ze vill ësst, dann ass dat och keng gutt Viraussetzung fir effizient ze trainéieren. En plus sinn déi meescht Produiten, déi een an de Geschäfter kafe ka voll mat Zocker a Koffein. Mir hu fir iech eng Alternativ fonnt. Nicky Soisson.

27/02/2020 Schwaarze Schockela virum Training?

De Ryan an Eric Johnson, allen zwee zertifiéiert Kraaft- a Konditiounstrainer, kenne sech mat der Fitness vun de Staren aus. Ma déi zwee Bridder hätten elo de perfekte Snack fonnt: si iesse virun hirem Training e Stéck schwaarze Schockela a motivéieren hir Clienten, dat och esou ze maachen.

Kléngt gutt? Ass et och.

Effektiv sollen d'Benefice vu schwaarzem Schockela virum Workout enorm sinn.

Dëse reegt net nëmmen d'Bildung vun Endorphinen un a bréngt eis domadder gutt Laun, ma reduzéiert och nach Entzündungen an aktivéiert eisen Ofwiersystem.

Eng mexikanesch Etüd aus dem Joer 2014, huet souguer gewisen, dass schwaarze Schockela de Wuesstem vu Muskelen ureegt.

Dem Ryan an dem Eric no, si Mënschen, déi reegelméisseg schwaarze Schockela virum Fitness iessen, méi motivéiert, ze trainéieren. Dat géing dorunner leien, dass eist Gehier d'Gléckshormoner mam Workout a Verbindung bréngen. Ausserdeem wier dëse Snack och nach immens onkomplizéiert, well een e ganz liicht kann um Wee fir an de Fitnessstudio knabberen.

Dat heescht awer elo net, dass dir elo mol einfach ouni schlecht Gewëssen eng ganz Tablett Schockela erafeiere kennt, ier dir Sport maacht.

Méi wéi 30 bis 50 Gramm schwaarze Schockela sollen et net sinn, well wéi dir iech virstelle kennt, huet dësen, nieft senge gudden Eegenschaften, awer och anstänneg Kalorien. Déi sollt dir onbedéngt mat arechne, wann dir Gewiicht verléiere wëllt.

Wichteg ass et och, besonnesch héichwäertege Schockela ze kafe mat wéinstens 70% Kakao, fir dass déi positiv Wierkunge sech bemierkbar maachen.

Iesst de Schockela 10 bis 15 Minutte virum Training. Sou huet de Kierper Zäit en ze verdauen, d'Nierstoffer z'absorbéieren an dat Bescht aus dem Schockela ze huelen, fir äre Workout ze perfektionéieren.

D'Scarlett Johansson huet sech säin Dramkierper fir hir als Black Widow anscheinend och mat schwaarzem Schockela untrainéiert. Schéngt also ze funktionéieren. E klengt Stéck vun Zäit zu Zäit ass deemno net vu Muttwëll, viraus gesat dir beweegt iech dono och.