Wiem et dobaussen ze vill kal a stiermesch ass, dee muss net dobanne sëtze bleiwen. Wéi gutt dass hautdesdaags och d'Wanterkleeder gepimpt sinn. Mat enger integréierter Heizung.

02/03/2020 Gezei mat enger Heizung dran

An an deem Rayon huet een ewell eng grouss Auswiel: Esou ginn et zum Beispill Jacketten, an deene vir an hannen Heiz-Elementer verstoppt sinn. D'Wäermt ka regléiert ginn a selbstverständlech halen déi Jacketten och Reen a Waasser of. Den Akku ass an enger vun den Täschen an et kann een och säin Handy do lueden. Eppes Ähnleches fënnt een am Rayon vun de Boxen, Pulloveren an der Ënnerwäsch. Grad d'Been an d'Äerm gi jo am Wanter séier kal.

De Look komplett mécht e Schal mat agebauter Heizung. An deen hëlleft net nëmmen wann et engem kal ass, mä och wann een e Bobo huet, ewéi zum Beispill en Torticolis oder Muskelverspanungen. Am Schal ass eng Täsch verstoppt an do kënnt di kleng Heizung dran ouni dass een se dono gesäit.

© Pixabay/ Symbolfoto

Kal Féiss brauch een och net méi ze fäerten, do hëllefe Suelen, déi waarm ginn. Se loosse sech vu 29 bis bal 38 Grad astellen. Wann een déi niddregst Temperatur wielt, hale se esouguer de ganzen Dag iwwer waarm. Wiem d'Schung dann awer vläit ze kleng ginn, dee kann op gehëtzte Strëmp zeréck gräifen. Déi wiermen bis zu 6 an enger hallwer Stonn. Fir doheem ginn et Schlappen mat engem integréierten Akku. Genee wéi Händschen mat deem selwechte System. Déi sinn esou gefiddert, dass ee keng schweesseg Hänn kritt. A wien och um Büro keng kal Hänn wëllt riskéieren: et gëtt esouguer e Pad fir d'Maus mat engem kuschelege Pelz dran. D'Heizung funktionéiert iwwer USB.

© Pixabay/ Symbolfoto