De neien Smartphone fir ze falen vum Drogeboss Pablo Escobar sengem Brudder. E soll genee esou wäerteg sinn ewéi dee vu Samsung.

04/03/2020 E Smartphone vun engem Escobar

Kënnt Dir Iech virstellen e Smartphone vun engem Escobar ze kafen? Den Drogeboss Pablo ass zanter Joren net méi ënnert eis, säi Brudder Roberto mécht awer nach ëmmer Geschäfter.

Den 'Escobar Fold' gesäit esou aus ewéi de 'Samsung Galaxy Fold' a soll esouguer eng ähnlech Hardware hunn, vum Prozessor bis hin zu de Kameraen. Esouguer d'Icons gesinn d'selwecht aus. Op der Reklamm gesäit een als Hannergrondbild eng Foto vun der Police aus dem Joer 1977, op där de Pablo Escobar an d'Kamera grinst. Et ass och net deen éischten Handy fir ze falen, deen de Brudder vum Drogebaron eraus bréngt, mä schonn déi zweet Versioun.

De kolumbianeschen Apparat huet e flexiblen AMOLED-Display a gëtt mat Android 10 ausgeliwwert. E gouf an Amerika designt, a soll dem Chef no zu Hong Kong zesumme gesat ginn. De Modell mat 8 Gigabyte Aarbechtsspäicher an 128 Gigabyte Flash-Späicher soll ronn 399 Euro kaschten, de Modell 12/12 ronn 500 Euro. Dat ass dach kriminell, denkt sech deen een oder aneren elo, wéi kann een de Präis esou drécken par Rapport zu der Konkurrenz? Doropper huet de Señor Escobar eng ganz plausibel Erklärung: seng Firma géif Reschtbestänn aus der Technikbranche opkafen a kéint op déi Manéier bëlleg Präisser fir seng Hightech-Apparaten ubidden.

Nach dëst Joer wëll d'Entreprise an aner Länner expandéieren an de grousse Konzerner Konkurrenz maachen andeems de Smartphone direkt iwwer si verkaf gëtt. Den 'Escobar Fold 2' huet all Tester duerchlaf, et sollen awer nëmmen 200'000 Exemplairen ze kréie sinn.

Freet sech just nach ob een engem Escobar wierklech traue kann... well deen éischte 'Fold' hätte vill Leit, déi e virbestallt hunn, bis haut nach net kritt.