Bei de mëllen Temperaturen huet deen Een oder Aneren schonn éischt Symptomer vun enger Allergie. Wat een elo scho ka maachen, a wou een am Fall vum Heeschnapp seng Vakanz ouni Symptomer verbrénge kann, dat fannt der an dësem Artikel

03/03/2020 Präventiv géint den Heeschnapp

Et ass alles anescht wéi flott, wann een am Summer mat enger décker Nues a geschwollenen Aen duerch Géigend leeft. Et ass bei den aktuell mëllen Temperature just nach eng Fro vun der Zäit bis een sech dann erëm Täsche voller Nuesschnappecher stécht fir eenegermoosse gutt duerch Zäit vun der Allergie ze kommen.

Bekannt ass jo, dass, soubal sech Pollen déi doruechter fléien sech op eis Schläimhaut setzt an do dofir suergt dass mer d'Symptomer kréie wéi mer se kennen. Glécklech sinn all déi, déi net dovunner betraff sinn.

De Kierper setzt elo Histamin fräi. En Hormon deen d'Entzündung hemme soll. Dat suergt dofir dass et eis bäisst an dass mer Néitse mussen.

Zu allem Iwwerfloss brennen och nach d'Aen et ass ee midd an et schléift ee schlecht.
Wien net dono kucke léist riskéiert Asthma ze kréien.

Nieft de bekannte Produiten déi et um Marché géint Allergie gëtt, kann een och mat klenge Saachen doheem dofir suergen dass et alt net grad esou schlëmm ass. Wien sech dacks Salzwaasser an d'Nues sprayt dee spullt Pollen eraus. Dat ka scho mol dofir suergen dass et engem besser geet.

Fir besser schlofen ze kënnen, soll een owes an Dusch goen. Pollen hänken iwwerall um Kierper an der Haaptsaach an den Hoer. Dofir ass et net vu Muttwëll sech uerdentlech de Kapp ze wäschen. Wäsch hänkt een am beschten och net an de Gaart, genee wéi een an den Zëmmere soll d'Fënsteren zou loossen. Lëfte soll ee mueres tëscht 6 an 8 Auer oder owes tëscht 6 a Mëtternuecht.

Wien viru senger Allergie flüchte wëll dee kann eng Vakanz an de Bierger maachen. Op enger Héicht vu 1800 - 2500 Meter si Symptomer fort. Hei ginn et keng Beem méi. Côte oder Insele sinn eng aner Méiglechkeet. D'Loft laanscht Küst léist de Polle keng Chance sech ze verdeelen. Dernieft ass déi salzhalteg Loft eng gutt Medezin. Wa guer näischt méi hëlleft da kann een nach ëmmer de Kontinent wiesselen. Anere Kontinent aner Pollen.